Trombone

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Musical note nicu bucule 01.svg Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Trombone mat Coulisse

D'Trombone ass e Blechblosinstrument aus dem mëttlere bis déiwe Regëster, dat wéinst senger weitgehend zylindrescher Buerung zu den Trompetteninstrumenten zielt. De Virreider vun der Trombone war am 15. Joerhonnert d'Saqueboute, e Blosinstrument mat enger Coulisse, awer mat engem méi klenge Pavillon wéi déi modern Trombonnen. Den Num Saqueboute ass aus de Verben saquer = drécken a bouter = zéien entstanen. Wéinst der Klangfaarf, déi der mënschlecher Stëmm gläicht, goufen déi fréi Trombonnen haaptsächlech dofir agesat fir Chéier ze verstäerken.

No an no huet sech d'Roll vun der Trombone geännert a si huet hir fest Plaz an den Orchestere fonnt. Als Soloinstrument war d'Trombone bei den Komponisten beléift well et dat eenzegt Blechblosinstrument war mat deem een eng klomplett chromatesch Gamme konnt spillen. Mat der Erfindung vun de Ventilblechblosinstrumenter huet d'Trombone leider u Wichtegkeet an der Musekswelt verluer an et war eréischt 1940 wéi Trombone duerch d'Ballade pour Trombone vum Schwäizer Komponist Frank Martin als Soloinstrument erëm entdeckt gouf.

Trombone[änneren | Quelltext änneren]


Eng Saqueboute, eng fréi Form vun der Trombone

Ënner enger Trombone versteet een normalerweis eng Trombone mat Coulisse (däitsch: Zugposaune), am Géigesaz zur Trombone mat Ventiller (däitsch: Ventilposaune). Si besteet aus engem S-fërmege Rouer, op deen op dem engen Enn d'Mondstéck agesat gëtt, an dee sech um aneren Enn, zum Triichter, erweidert.

Den Toun entsteet doduerch dat de Spiller seng Lëppsen am Mondstéck zum Vibréiere bréngt.

Duerch déi Vibratiounen entstinn an der Trombone Loftwellen, déi d'Loftsail an der Trombone un d'Vibréiere bréngt. Déi Vibratioune gi vum Triichter verstäerkt.

Op enger Trombone si 7 Positiounen op der Coulisse méiglech déi et erlabe chromatesch Gammen ze spillen. Wat een d'Coulisse méi eraus zitt (also d'Gesamtlängt vum Rouer méi laang mécht), wat den Toun méi déif gëtt. Nieft dem Grondtoun op enger Positioun kann een duerch iwwerblosen (d'Lëppse vibréieren méi séier) och nach déi eenzel Harmonien op der Trombone spillen.

Der Trombone ass et als eenzecht Blechblosinstrument méiglech, e richtege Glissando ze spillen, dat heescht, vun enger Tounhéicht zur anerer ze "rutschen".

Stëmmlagen[änneren | Quelltext änneren]

Haut gi meeschtens Tenor- a Basstrombonne gespillt, allerdéngs gëtt et d'Trombone och an aneren, méi rare Stëmmlagen, vu Piccolo bis Kontrabass, gebaut.

Déi verbreetste Bauform ass d'Tenortrombone an Ut mat engem Rouerduerchmiesser vun ongeféier 12,2 bis 13,89 mm. Dat Instrument ass vum déiwe Mi erop chromatesch spillbar. Des Weidere kann ee geübte Spiller och déi verschidde Pedaltéin spillen déi vum Sib bis op de Mi erofginn. Déi iewescht Limit ass normalerweis de Contre-Fa (de sechsgestréchelte Fa am Fa-schlëssel)

Dacks ass op der Tenortrombone eng Quartventil agebaut wat d'Trombone, wann een déi Quartventil dréckt, a Fa stëmmt. Dëst Ventil erlaabt et dem Spiller méi déif Téin op senger Trombone ze spillen (vum déiwe Mi-b bis den déiwen Do ënner de Linnen am Fa-schlëssel). Des Weideren ass d'Quartventil och e beléift Mëttel fir technesch schwéier Passage méi liicht kënnen ze spillen (d'Nouten op der 6. a 7. Positioun kënne mat der Quartventil gedréckt op der 1. an 2. Positioun gespillt ginn).

D'Partiture fir d'Tenortrombone sinn normalerweis am Fa-Schlëssel (Bassschlëssel) oder am Ut-Schlëssel (Tenorschlëssel) notéiert.

Basstrombone[änneren | Quelltext änneren]

Déi modern Basstrombone ass eng Weiderentwécklung vun der Tenortrombone. Se ass d'selwecht gestëmmt wéi d'Tenortrombone, allerdéngs ass de Rouerduerchmiesser méi grouss (ongeféier 14,3 bis 14,89 mm) an den Triichter ass méi grouss. Duerch déi Verännerungen ass d'Basstrombone am déiwe Regëster méi grouss am Toun, mä an héijer Lag méi matt.

Op der Basstrombone ass normalerweis eng Quartventil agebaut mä op professionelle Basstrombonnen gëtt nach eng zweet Ventil agebaut (Quintventil), wat et erlaabt den déiwe Si ënner de Linnen am Fa-Schlëssel ze spillen. Sou ass d'Basstrombone am déiwe Regëster voll chromatesch spillbar. Wann een déi zwou Ventille mateneen dréckt kann een op der éischter Positioun en déiwe Re spillen. Soumat huet den Trombonist nach weider Méiglechkeeten technesch schwéier Passage méi einfach ze spillen.

A modernen Orchesteren ersetzt d'Basstrombone haut déi an der Renaissance bis zum 19. Joerhonnert gebräichlech Basstrombonnen a Fa.

D'Partiture fir d'Basstrombone sinn am Fa-Schlëssel notéiert.

Alttrombone[änneren | Quelltext änneren]

D'Alttrombone ass haut méi rar wéi Tenor- a Basstrombonnen. Si ass normalerweis a Mi-b gestëmmt an ënnerscheet sech duerch méi e klengen Triichter a méi kuerze Rouer vun der Tenortrombone. De Rouerduerchmiesser ass normalerweis bei 12,2 mm.

D'Partiture fir d'Alttrombone sinn am Ut-Schlëssel a méi rar am Sol-Schlëssel (Sopranschlëssel) notéiert.

Sopran- a Piccoloposaune[änneren | Quelltext änneren]

Sopran- a Piccoloposaunen ginn haut nëmme ganz rar agesat an dast meeschtens fir Showzwecker wéi bei de bekannten Optrëtter vun dem Blechbléiserensemble Germanbrass.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Trombones – Biller, Videoen oder Audiodateien