Trouble no more

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Informatiounen zum Film

Filmdaten
Originaltitel: Trouble no more
Produktiounsland: Lëtzebuerg
Schwäiz
Produktiounsjoer: 2010
Dauer: Minutten
Originalsprooch: Lëtzebuergesch
Equipe
Regie: Andy Bausch
Dréibuch: Andy Bausch
Kamera: Carlo Thiel
Musek: Guy Schmit
Produzent: PTD
Fama Film
Rattlesnake Productions
Haaptacteuren Marco Lorenzini als Ray Guddebur
Nilton Martins als Jorsch
Hervé Sogne als Zizou
Ender Frings als Chuck Moreno
Nicole Max als Jenny Jacoby
Nora Koenig als Tess Jakoby
Jean-François Wolff als Fränz
André Jung als Angelo
Frédéric Frenay als Mike
Germain Wagner
Luc Feit
Josiane Peiffer
Marc Faber
Monique Reuter
Serge Tonnar
Christian Kmiotek
Henry Baumer
Pitt Simon
Petz Schaack
Pipo Petro
Max Thommes
Ed Sauer
Christiane Rausch
Giles Soeder
Jupp Guddenburg
Modestine Ekete
Daniel Plier
Jeanne Wiltgen
Schlomit Butbul
Filmportal - Film no Joren - Film no Länner

Trouble no more ass e lëtzebuergesche Film vum Andy Bausch aus dem Joer 2010. En hat den 23. Mäerz 2010 Avant-Première an ass dräi Deeg drop an de Kinoen ugelaf.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Ëm wat geet et am Film?

Nodeems de Jacques Guddebuer (alias Johnny Chicago) no engem Bankiwwerfall vun der Police erschoss gi war, versicht den Chuck Moreno, mat Hëllef vum Jacques sengem Brudder, dem Ray Guddebuer, dem Johnny Chicago säi leschte Wonsch z'erfëllen: eng Rees an Amerika. Dofir wëlle se seng Äschen op Chicago bréngen. Allerdéngs sinn dem Jacques seng Fra, d'Jenny, an och seng Duechter, d'Tess, eng Polizistin, vun där Iddi net grad begeeschtert...

[änneren] Trivia

Trouble no more ass den drëtten Deel vun enger Johnny-Chicago-Trilogie, déi 1988 mat Troublemaker ugefaangen huet an 1998 mat Back in Trouble virugefouert gouf. Well den Haaptacteur vun deenen zweei éischte Filmer, den Thierry van Werveke, am Januar 2009 gestuerwen ass, huet den Andy Bausch d'Dréibuch vun dësem Film missen ëmschreiwen. Den Johnny Chicago ass deemno dout am Film an trëtt just a Form vun enger Urn op. De Film gouf am Summer 2009 virun allem an de Stater Quartiere Gare, Bouneweg an Hollerech, mee och bei Chicago gedréint.

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht