Truman Henry Safford

Vu Wikipedia
Truman Henry Safford
Gebuer 6. Januar 1836
Gestuerwen 13. Juni 1901
Newark
Nationalitéit USA
Educatioun Williams College
Aktivitéit Astronom
Member vun American Academy of Arts and Sciences

Den Truman Henry Safford, gebuer de 6. Januar 1836 zu Royalton a gestuerwen den 13. Juni 1901 zu Newark war en US-amerikaneschen Astronom.

Den Truman Henry Safford war e mathematescht Wonnerkand. Mat néng Joer hat e Paschtouer hie gefrot fir d'Zuel 365'365'365'365'365'365 mat sech selwer ze multiplizéieren. A manner wéi eng Minutt hat hien déi korrekt Äntwert: 133'491'850'208'566'925'016'658'299'941'583'225. Ongeféier an deem Alter hat hien eng nei Method fir d'Moundopgäng ze berechnen, entwéckelt. Mat senger Method gouf nëmmen nach e Véirel vun der Zäit gebraucht.

Den Truman huet nodeems en am College war Astronomie studéiert. Ufanks huet hien um Harvard-College-Observatoire geschafft, dann um Dearborn Observatoire, bis hie schliisslech zweeten Direkter um Hopkins Observatoire vum Williams College gouf, dem eelsten Observatoire an den USA deen haut nach a Betrib ass. Hie war um Observatoire Direkter bis zu sengem Doud.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]