Chaturanga

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) Tschaturanga)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Chaturanga kënnt aus Indien a kann als Ur-Schach an als Ur-Xiangqi (chinesesch Schachvariant) ugesinn ginn.

Der So no ass Tschaturanga am 4. Joerhonnert vum Sisa Ibn Dahir erfonnt ginn. Den deemolegen indeschen Herrscher Shihram war esou vum Spill begeeschtert, datt en dem Sisa Ibn Dahir e Wonsch fräi gelooss huet. Deen huet sech dunn e Räiskär gewënscht, dat op dat éischt Spillfeld geluecht sollt ginn, op dat zweet Feld zwéi Kären, op dat drëtt véier Kären, an esou weider, bis zum 64. Feld ëmmer d'duebel Zuel vu Räiskäeren. Den Herscher duecht, bëlleg ewechzekommen. Mee wéi en dunn gemierkt huet, datt de Sisa Ibn Dahir sech a Wierklechkeet méi Räiskäre gewënscht hat, wéi et der am ganze Land iwwerhaapt gouf, do huet en dem Sisa Ibn Dahir de Kapp erofhae gelooss.

Genee wéi beim Schach besteet e Chaturanga-Briet och aus 8 x 8 Felder. D'Spillfigure sinn och déiselwecht, just heeschen se heiansdo anescht a si kënnen net all wéi d'Schachfiguren zéien. D'Haaptënnerscheeder zum Schach sinn déi heiten:

  • D'Zaldoten (padati, am Schach d'Baueren) kënnen och bäim éischten Zuuch just ee Feld no vir zéien.
  • Den Elephant (hastin, am Schach de Leefer) spréngt diagonal just zwee Felder wäit.
  • De Won (ratha) zitt grad ewéi den Tuerm am Schach.
  • De Rot (mantrin, am Schach d'Damm) zitt just diagonal a just ee Feld wäit.

Um Spaweck [änneren]