Tucana (Stärebild)

Vu Wikipedia
Date vum Stärebild Tucana
Lëtzebuergeschen Numm Tukan
Laténgeschen Numm Tucana
Laténgesche Geenitiv Tucanae
Laténgesch Ofkierzung Tuc
Positioun südlechen Himmel
Rektaszensioun 22h 08m bis 1h 25m
Deklinatioun -56° 20’ bis -75° 20’
Fläch 295 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 15° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
net ze gesinn
Stäre mat
Gréisst < 3m
1
Hellste Stär,
Gréisst
α Tuc,
2,86m
Meteorstréim -
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Phoenix
Grus
Indus
Octans
Hydrus
Kaart vum Stärebild Tucana

Den Tukan (lat.: Tucana) ass e Stärebild um südleche Stärenhimmel.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Den Tukan läit südlech vum Stärebild Grus. Et ass kee markant Stärebild, nëmmen ee Stär ass méi hell wéi déi 3. Gréissteklass.

Am Südoste steet déi opfälleg Kleng Magellanesch Wollek, eng kleng Begleetgalaxis vun eiser Mëllechstrooss an dem Kugelstärekoup 47 Tucanae.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Tukan gehéiert zu de Stärebiller, déi Enn vum 16. Joerhonnert vun den hollännesche Séifuerer Pieter Dirkszoon Keyser a Frederik de Houtman agefouert goufen. D'Stärebild soll een exotesche Vull duerstellen. De Johannes Bayer huet d'Stärebild am Joer 1603 a säin Himmelsatlas Uranometria iwwerholl.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Nimm o. aner Bezeechnungen m Lj Spektralklass
α 2,87 199 K3 III
γ 3,99 72 F1 III
ζ 4,23 28 F9 V
κ 4,25 67 F6 IV
β1 4,36 140 B9 V
ε 4,49 375 B9 IV
δ 4,51 267 B8 V
β2 4,53 172 A2 V
ν 4,91 273 M4 III
η 5,00 159 A1 V
β3 5,07 152 A0 V
HR 8531 5,31 67 F9 V
ι 5,36 279 G5 III
ρ 5,38 133 F6 V
λ2 5,45 210 G7 III
π 5,50 306 B9 V
λ2 6,67

Den α Tucanae ass e Stär, deen orange liicht an 199 Liichtjoer wäit vun eis ewech läit. Seng Spektralklass ass K3 III. Et handelt sech ëm en enken Duebelstäresystem. D'Existenz vum Begleeder, deen den Haaptstär an 11,5 Joer ëmkreest, konnt nëmmen duerch déi exakt Miessung vun der Eegebeweegung nogewise ginn.

Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

System m Ofstand
β 4,36 / 4,53 / 5,07 27"/9’
λ 5,45 / 6,67 13,8"

Den zweethellste Stär, de β Beta Tucanae, huet eng Gréisst vun 3,7m. Et handelt sech ëm ee Méifachstäresystem op enger Distanz vun 140 Liichtjoer, a besteet aus sechs Stären. Déi dräi hellst hunn d'Bezeechnunge β1, β2 an β3. De β1 an de β2 ginn och als Beta Tucanae A an Beta Tucanae C bezeechent. Hire Wénkelofstand um Himmel ass 27 Bouminutten, wat engem tatsächlechen Ofstand vun 1.100 Astronomesch Eenheeten (AU) entsprécht. Den β1 huet e Begleeder vun nëmmen 13,5 m, de Beta Tucanae B, op engem Ofstand vun 2,4 Bousekonnen. De Begleeder vum β2, dem Beta Tucanae D, ass e Stär vun der 6. Gréisst op engem Ofstand vun 0,38 Bousekonnen.

Den β3 huet vum β1 an dem β2 een Ofstand vun 9 Bouminutten, wat 0,37 Liichtjoer entsprécht. D'System besteet aus zwéi Stäre vun de Gréisste 5,8 a 6,0m. Well si nëmmen 0,1 Bousekonnen ausernee stinn, kënne si mat engem Teleskop net getrennt ginn.

Den λ Tucanae ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 210 Liichtjoer. Déi zwou Komponente gehéieren zu de Spektralklassen F7 IV a K2 III.

Verännerlech Stären[änneren | Quelltext änneren]

Stär m Period Typ
θ 6,06 bis 6,15 1,18 bis 1,45 Stonnen kuerzperiodesch Verännerlecher

Den θ Tucanae ass ee verännerleche Stär, deen op enger Distanz vun 210 Liichtjoer läit. Hie gehéiert zum Typ Delta-Scuti. Seng Hellegkeet ännert sech e bësschen iwwer en Zäitraum vun 1,18 bis 1,45 Stonnen.

NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

NGC divers m Typ Numm
104 47 Tucanae 4,0 Kugelstärekoup
292 SMC 5 Galaxis Kleng Magellanesch Wollek
346 Gasniwwel
371 Stärenusammlung
362 6,8< Kugelstärekoup

Den NGC 104, och 47 Tucanae genannt, ass no dem Omega Zentauri den zweethellste Kugelstärekoup m südlechen Nuetshimmel. Hien ass mat bloussem A ze gesinn, an huet mat 20 Bouminutten zwéin Drëttel vum Vollmoundduerchmiesser. E steet zimmlech no bei der Klenger Magellanescher Wollek.

Déi Kleng Magellanesch Wollek (englesch: Small Magellan Cloude (SMC)) ass och een opfällegen Objet um Nuetshimmel. Et ass eng kleng Galaxis mat Stärekéip an Niwwelen, déi eis Mëllechstrooss op enger Distanz vun 200.000 Liichtjoer begleet.

Den NGC 362 ass e Kugelstärekoup op enger Distanz vun 30.000 Liichtjoer.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tucana – Biller, Videoen oder Audiodateien