Tuerm (Schach)
| Dëse Schachartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Schachfiguren | |
|---|---|
| Kinnek | |
| Damm | |
| Tuerm | |
| Leefer | |
| Sprénger | |
| Bauer | |
Den Tuerm, Unicode: ♖ ♜, ass déi zweetstäerkste Figur beim Schachspill. Zesumme mat der Damm gehéiert en zu de Schwéierfiguren. Et ënnerscheet een an der Grondstellung an an der Erëffnung tëschent Dammentuerm a Kinnekstuerm. Den Dammentuerm ass op dem Dammefligel postéiert; de wäisse steet op dem Feld a1 an de schwaarzen op a8. De Kinnekstuerm ass op dem Kinneksfligel postéiert; de wäisse steet op dem Feld h1 an de schwaarzen op h8.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Den Tuerm an deenen dräi Spillphasen
[änneren] An der Erëffnung
An der Erëffnung spillt den Tuerm keng wichteg Roll sou laang wéi seng Beweegungsméiglegkeeten duerch d'Bauere ageschränkt sinn. Säin Asaz fänkt meechtens mat der Rochade un, déi den Tuerm méi a Richtung Zentrum bréngt, oder bei heterogene (entgéigegesaten) Rochaden, andeems duerch d'Zéie vun de Randbaueren (zum Beispill h2-h4 oder h7-h5 no der kuerzer Rochade vum Géigner) probéiert gëtt, d'Ausgangslinn vum Tuerm op ze maachen, fir sou ee Kinneksugrëff ze ënnerstëtzen.
[änneren] Am Mëttelspill
Den Tuerm ass eng typesch Mëttelspill- an Endspillfigur. Wat manner Figuren um Briet sinn, wat den Tuerm seng Reechwäit besser notze kann. Déi gréisste Wierkung entwéckelt den Tuerm op enger oppener oder hallefoppener Linn.
[änneren] Am Endspill
D'Mattsetze mat Tuerm a Kinnek géint Kinnek gehéiert zur elementarer Mattféierung. Endspiller mat Tierm a Baueren nennt een Tuermendspiller, a stellen ongeféier d'Halschent vun den Endspiller duer.
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Tuerm – Biller, Videoen oder Audiodateien |