Tuermendspill

Vu Wikipedia

En Tuermendspill ass en Endspill an enger Schachpartie mat deenen zwéi Kinneken, engem oder méi Tierm an eventuell Baueren. Tuermendspiller zielen zu deenen heefegsten Endspiller an hir Theorie ass prezis ausgeschafft. Déi wichtegst Grondreegele sinn:

  • Tierm gehéieren hanner d'Baueren, souwuel hanner déi eegen wéi och hanner déi géigneresch.
  • De Kinnek muss d'Ëmwandlungsfeld vum eegenen oder géigneresche Bauer kontrolléieren.