Tuermteleskop
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Tuermteleskop ass en Teleskop mat laange Brennwäiten, deem säin Tubus an engem Tuerm ass. Turmteleskope ginn haaptsächlech fir Ënnersich vun der Sonn gebraucht. Si bidde fir laang Brennwäiten eng käschtegënschteg Alternativ zu ausriichtbaren Teleskopen.
Amplaz duerch d'Beweegung vum ganzen Teleskop geschitt d'Noféierung op den Observatiounsobjet bei Tuermteleskopen normalerweis duerch en Coelostat. Bei Tuermteleskopen an anere Sonnenteleskope gëtt den Tubus dacks ënner Vakuum gesat, fir Bildstéierungen duerch erhëtzte Loft ze reduzéieren.
Beispiller [änneren]
- Schwedescht 1m-Sonnenteleskop um Roque de los Muchachos Observatoire.
- Vakuumtuermteleskop (VTT) um Teide Observatoire op Teneriffa, dem Kiepenheuer-Institut fir Sonnephysik.
- Dunn Solar Telescope (DST) um Sacramento Peak, USA.
- Einsteintuerm zu Potsdam.
- Sonnenobservatiounstuerm Meudon.
- 60-Fouss- a 150-Fouss-Tuermteleskopen um Mount-Wilson-Observatoire, USA.