Tun Deutsch
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Tun Deutsch, gebuer de 5. Juli 1932 zu Jonglënster a gestuerwen den 20. Oktober 1977, war e lëtzebuergesche Schauspiller.
Säi Liewen[änneren]
1977 stoung den Tun Deutsch fir d'leschte Kéier op der Bühn. Am Theaterstéck Kesselflickers Hochzeit vum John Synge huet hien d'Roll vun engem iresche Paschtouer gespillt.
Als Erënnerung un den Tun Deutsch gouf zu Bouneweeg de Sall an deem de Kasemattentheater zënter 1999 optrëtt no him genannt (de Sall ass an der rue du puits op n°14).
Seng Rollen[änneren]
Den Tun Deutsch spillt vum 7.-13. Januar 1976 mam Ensemble Kasemattentheater zesumme mam Fernand Fox op der Elisabethbühn zu Salzburg an engem Stéck vum Slavomir Mrozeck. D'Stéck heescht "Emigranten".
Filmer[änneren]
- La foire, (1977) (TV), vum Roland Vincent mam Curd Jürgens a Juliette Faber
Literatur[änneren]
- Manderscheid, Roger: Tun Deutsch 1932-1977: Dem Schauspieler und Freund, die Freunde, Lëtzebuerg, 1979
