Tunnel ënnert der Manche

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Tracé vum Eurotunnel
Coupe vum Tunnel
Eurotunnel-Rangéiergare zu Dover

Den Tunnel ënnert der Manche (oder dem Äermelkanal ;op englesch Channel Tunnel oder Chunnel) ass e ronn 50 km langen Eisebunnstunnel dee Folkestone an der Grofschaft Kent an England mat Coquelles no bei Calais a Frankräich verbënnt. Dee laang geplangten an deiere Projet gouf schliisslech, no etlech feelgeschloene Versicher, 1994 vollstänneg realiséiert.

Bedriwwe gëtt e vun der Eurotunnel-Aktiegesellschaft.

Inhaltsverzeechnes

Eenzelheete vum Projet[änneren]

Den Eurotunnel besteet aus 3 Réier: Zwéi fir den Zuchverkéier an ee Service-Tunnel fir den Ënnerhalt oder am Noutfall fir d'Evacuatioun.

D'Tunnelle si ronn 50 Km laang, dovun 38 Km ënnert dem Waasser.

Si lafe 40 Meter ënnert dem Mieresbuedem a ronn 100 Meter ënnert dem Mieresspigel.

Den Tunnel gouf vum britesch-franséische Baukonsortium "TransManche-Link (TML)" gebaut.

En Zuch brauch ronn 35 Minutten.

Wéi et 1987 mam Chantier lass goung, gouf mat engem Budget vun 4,7 Milliarde gerechent. Bis d'Aweiung, de 6. Mee 1994, waren d'Käschte bis op 8,8 Milliarde ₤ (= 12 Milliarden ) eropgaang.

Geschicht[änneren]

Kuckt och[änneren]

Um Spaweck[änneren]

Commons: Tunnel ënnert der Manche – Biller, Videoen oder Audiodateien