Tunnel Markusbierg

Vu Wikipedia
Südportal vum Tunnel

Den Tunnel Markusbierg ass en Autobunnstunnel zu Lëtzebuerg, deen aus zwéi parallelle Réier besteet, duerch déi den ëstlechsten Deel vun der Autobunn A13 féiert. E geet laanscht de Markusbierg bei Schengen, ass 1.573 Meter laang an huet eng Pente vu 5 % no Osten hin. Den ëstlechen Ausgank läit direkt beim Viaduc vu Schengen iwwer d'Musel, an domat der Grenz zu Däitschland.

D'Aarbechte goufen de 15. September 1997 ugefaangen, an den Tunnel gouf de 24. Juli 2003, zesumme mam ëstlechen Deel vun der A13, fir den Trafic opgemaach. D'Baukäschten hu sech op 65 Milliounen Euro belaf, dovu ware 15 Millioune fir zousätzlech Sécherheetssystemer.

Nordportal vum Tunnel

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • « Le tunnel Markusbierg » an der Brochure Liaison avec la sarre, Ministère des travaux publics, 2003

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]