Tunnel vu Charlemont

Vu Wikipedia
Den Tunnel 2012

Den Tunnel vu Charlemont ass en Eisebunnstunnel zu Givet an de franséischen Ardennen. E läit op der Streck Charleville-Givet tëscht der Gare vu Givet an der Gare vun Aubrives an e féiert ënner dem Fort Charlemont erduerch.

Well den 850 Meter laangen Tunnel, no op der belscher Grenz läit, an ënner der Festung vu Givet erduerch féiert, goufe beim Bau Verdeedegungsariichtunge virgesinn. Um Kapp Givet goufen op all Säit vum Tunnelsrouer, 20 m × 3,5 m grouss Kasematten agebaut an iwwer dem Verwëllef ware Sprengkummere virgesinn. Déi Kasematten haten all Kéier zwou Schéissschachten, fir kënnen an Direktioun Gare ze schéissen, an am Tunnel op all Säit fënnef Stéck fir den Tunnel vu banne kënnen ze beschéissen.

Eng ronn zweehonnert Meter vum Portal ewech, ass am Tunnel eng stengen Trap mat enger 400 Träppleker déi duerch de Fiels bis erop an de Fort féiert.

Am Ufank war d'Streck eegleiseg, a gouf am Éischte Weltkrich vun den däitsche Besatzungstruppen op en zweet Gleis ausgebaut.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Revue du Nord-Belge 1929