Tunnel vu Froidmont

Vu Wikipedia
Den Tunnel vu Froidmont, Kapp Léck

Den Tunnel vu Froidmont ass en Eisebunnstunnel zu Léck op der Eisebunnsstreck Léck-Visé déi bei der SNCB Linn 40 heescht. Den Tunnel gouf 1917 vun der preisescher Besatzung gebaut, fir dem Ëmwee iwwer d'Gare du Longdoz aus de Féiss ze goen. Den Haaptgronn fir de Bau vun der neier Streck mat dem Tunnel war, well d'Gare de Longdoz eng Kappgare war, a vill Zäit beim Ëmdréine vun de Lokomotive veluer goung.

Déi nei Streck déi duerch den Tunnel féiert gouf op der Héicht vun der Bréck déi de Boulevard Frankignoul mat dem Boulevard Raymond Poincaré verbënnt, vun der Streck Léck-Namouer ofgeleet, fir da kuerz hanner dem Tunnel, deen ënner engem Deel vum Parc des Oblats erduercht féiert, nees op der Héicht vum Val d'Or un d'Streck Longdoz-Maastricht unzeschléissen.

Den Tunnel läit op enger Héicht vu 70 Meter an ass 78 Meter laang.

Kuckt och op der Linn 40[änneren | Quelltext änneren]