Turbot

Vu Wikipedia
Turbot
En Turbot ass um Sand gutt getarnt.

En Turbot ass um Sand gutt getarnt.
En Turbot ass um Sand gutt getarnt.
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordadéieren
Klass: Actinopterygii
Uerdnung: Pleuronectiformes (Plattfësch)
Ënneruerdnung: Pleuronectoidei
Famill: Scophthalmidae
Gattung: Scophthalmus
Aart: Scophthalmus maximus (Turbot)
Wëssenschaftlechen Numm
'Scophthalmus maximus'
Carl von Linné, 1758

Den Turbot (Scophthalmus maximus[1]) ass e Plattfësch, deem seng Aen op der lénkser Kierpersäit leien. Ënnendrënner (deemno op der rietser Kierperflank) ass e wäiss, uewendrop passt e sech der Ëmgéigend un. Op der ieweschter Säit si keng Schuppen, mä grouss Knachebockelen, déi ausgesi wéi kleng Steng. En ass bal ganz ronn a gëtt an der Moyenne 50–70 cm grouss, och alt emol 1 m, a kann da bis zu 20 kg weien.

Den Turbot lieft no bei den europäesche Küsten, am Atlantik, am Mëttelmier, am Nord- an am Baltesche Mier op sandegem Buedem, an enger Déift vun 20 bis 70 Meter. En erniert sech vu klenge Fësch um Buedem, déi e fänkt, an och vu Kriibsen a Mollusken.

Den Turbot ass eng Fëschaart, déi an der Gastronomie appréciéiert gëtt.

Fortplanzung[änneren | Quelltext änneren]

D'Weibche leet an enger Déift vun 10 bis 40 Meter eng 10 bis 15 Milliounen Eeër. De Männche sprutzt da säi Som driwwer. Déi befruchten Eeër entwéckele sech bannent siwe bis néng Deeg zu Larven, déi sech am flaache Waasser vu Plankton ernieren. Wann déi kleng Fësch aacht bis zéng Zentimeter grouss sinn a schonn eng staark asymmetresch Form hunn, schwammen se a méi déift Waasser. No 5 Joer si se selwer am Stand, sech fortzeplanzen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Turbot – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Synonymmer: Psetta maxima, Bothus maximus a Rhombus maximus L.