Tutschemillen

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Tutschemillen
D'Tutschemillen
An anere Sproochen fr: Kautenbach
de: Kautenbach
Land Lëtzebuerg
Kanton Wolz
Gemeng Wolz
Buergermeeschter Carole Petitnicolas-Weigel (CSV)
Koordinaten 49° 57’ 56.88’’ N
      05° 57’ 04.66’’ O

D'Tutschemillen[1] ass eng fréier Millen an e Lieu-dit an der Gemeng Wolz. D'Mille läit am Dall vun der Wolz, ronn 800 m ëstlech vun der Stad Wolz a Richtung Kautebaach, direkt nieft der Wëlzer Kläranlag.

Mat dem Zuch kënnt een dohin iwwer d'CFL-Halt Paradiso déi knapps zweehonnert Meter dovun ewech läit.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Dat gréisst Gebai staamt aus dem Joer 1760.

De Scoutschalet[änneren | Quelltext änneren]

1975 huet d'A.s.b.l. Scouts de Wiltz domat ugefaangen, e Scoutschalet an der Millen anzeriichten, deen 1979 ageweit gouf. D'Tutschemillen ass 1996 komplett ofgebrannt a gouf am selwechte Joer nees vun de Scouten opgeriicht.

Als Erënnerung un den Initiateur vun dësem Projet, de Scoutschef Eugène Weber[2] (1912-1982), gouf 1997 eng kleng Plack um Haaptgebai festgemaach.

Zwee Gebaier kënne fir Scoutscampen, Schoulkolonien a privat Zwecker gelount ginn:

  • D'Haus Jim (fréier deels Stall, deels Scheier): um Rez-de-chaussée ass e grousse Séjour an eng Kichen, um Stack sinn dräi Dortoire mat jeeweils 2, 4 a 7 Better an de Sanitairen.
  • Disco-Saloon (al Scheier): e Festsall deen zesumme mat dem Haus Jim gelount ka ginn. An de Fënstere si Glasmolereie vun de Wëlzer Scouten déi d'Scoutswopen aus 24 Länner presentéieren.
Panoramavue vun der Tutschemillen a Richtung Norden, riets fléisst d'Sauer an nach méi riets läit d'Eisebunnsstreck
left

Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tutschemillen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Notten[Quelltext änneren]

  1. Et gëtt och nach follgend Schreifweisen: Toutschemillen, Toutschenmillen (cf. d'Plackett an der Galerie vun den Illustratiounen).
  2. Cf. d'Plackett an der Galerie vun den Illustratiounen: "A la mémoire / d'Eugène Weber (1912-1982) / Membre fondateur / et chef de groupe des / Scouts St. Sébastien / Pionnier du centre / "Toutschenmillen" / Scouts de Wiltz a.s.b.l. 14.6.97."