Two Micron All Sky Survey
An der Infraroutastronomie ass den Two Micron All Sky Survey (kuerz 2MASS genannt) eng wichteg Duerchmusterung vum ganze Himmel am noen Infrarout bei Wellelängte vun 1,25 Mikrometer (am J-Band), 1,65 Mikrometer (am H-Band) an 2,17 Mikrometer (am Ks-Band).
2MASS gouf un zwéi besonnesch dofir agerichteten automatiséierten 1,3-m-Teleskopen duerchgefouert – fir de Nordhimmel um Fred-Lawrence-Whipple-Observatoire an Arizona a fir de Südhimmel um Cerro Tololo Inter-American Observatory a Chile. D’Teleskope hunn Kameraë mat dräi Kanäl, mat engem 256×256-elementegen HgCdTe-Detekter fir all déi dräi Wellelängten. D’Observatiounen hunn 1997 ugefaangen a waren 2001 fäerdeg. 2MASS ass e gemeinsame Projet vun der University of Massachusetts (UMASS) an dem Infrared Processing and Analysis Center (IPAC) um California Institute of Technology.
2MASS mécht ganz grouss an homogen Datesätz, déi fir vill astronomesch Problemer vu Bedeitung sinn. Dozou gehéieren:
- En digitalen Atlas vum ganzen Himmel am noen Infrarout mat enger Opléisung vun 4 Bousekonnen
- E Punktquellekatalog mat Positiounen an Hellegkeeten fir ronn 470 Millioune Stäre an aner net opgeléisten Objete
- E Katalog ausgedeenter Quellen mat Positiounen an Hellegkeeten fir ronn 1,6 Millioune Galaxien an aner ausgedeenten Objete.
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
- The Two Micron All Sky Survey at IPAC (englisch) – offiziell Websäit