Tycho (Moundkrater)
|
Foto vum Tycho-Krater |
|
| Eegeschafte | |
|---|---|
| Breet | 43,3° S |
| Längt | 11,2° W |
| Duerchmiesser | 85 km |
| Déift | 4,8 km |
| Selenographesch Längt | 12° bei Sonnenopgank |
| Genannt nom | Tycho Brahe |
Den Tycho ass e Krater um Äerdmound, dee vum Giovanni Riccioli no dem däneschen Astronom Tycho Brahe genannt gouf. Et ass ee vun deene bedeitendste Moundkrater.
Inhaltsverzeechnes |
Lag an Eegeschafte [änneren]
Den Tycho ass en opfalende Krater an de südleche Héichfläche vun der äerdzougedréiter Moundsäit. Hie läit mat sengem Zentrum bei 43,3° südlecher selenographescher Breet an 11,2° westlecher Längt, an der Géigend vum Mare Nubium. Säin Duerchmiesser ass 85 Kilometer. Seng Déift ass am Verglach mat anere Moundkrater bemierkenswäert ausgeprägt a méisst vun de Ramplishéichten 4850 Meter. De banneschten Hank vum Rampli ass terrasséiert an huet eng Schréiegt vu 34 Grad. De bausseschten Hank ass 26 Grad schréi. An den Häng an um Kraterbuedem weisen sech verstengert Lavaflëss. Vum Kraterbuedem hieft sech en zentralt Biergmassiv, ee sougenannte Zentralbierg, bis an eng Héicht vu mindestens 1600 Meter; hie huet e vulkanesche Kegel a Kamäiner.
Den Tycho huet e ganz hellen Banneberäich an ass doriwwe eraus d’Zentrum vum hellsten an ausgedeenteste Stralesystem op dem Mound, dat e groussen Deel vun der viischter Moundsäit iwwerzitt an hie wuel zum bekannteste Stralekrater mécht. An engem vun de Strale vum Tycho war d’Landeplaz vun Apollo 17. Unhand vun deenen mattbruechte Moundprouwen vum polvereschem an haaptsächlech glasperlenartegem Material gouf d’Alter mat ronn 100 Millioune Joer bestëmmt a seng Entstéiung duerch den Ausworf vun engem groussen explosiounsartegen Aschlag op der Plaz vum Tycho gestëtzt.
Um Nordrand vum Krater war de Surveyor 7 gelant. Am Zesummenhank mam Tycho gëtt et eng Rei vu Berichter iwwert de TLPs.
Literatur [änneren]
- Gerald North: Den Mond beobachten. Spektrum, Akademischer Verlag, Heidelberg - Berlin 2003. ISBN 3-8274-1328-1
- Rolf Sauermost (Hrsg.): Lexikon der Astronomie. Die große Enzyklopädie der Weltraumforschung. In 2 Bänden. Herder, Freiburg - Basel - Wien 1989f. ISBN 3-451-21632-9
- Antonín Rükl: Mondatlas. Werner Dausien, Hanau 1990. ISBN 3-7684-2047-7
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Tycho – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- [1] (Animéierte Rondfluch am Krater op Basis vun Daten vun der japanescher Sond KAGUYA)
- (de) SkyTrip.de: Tycho
- (en) The-moon.wikispaces.com: Tycho
- E Groussbild vum Tycho duerch d’Raumsond Clementine
- The Floor of Tycho Crater NASA Lunar Reconnaissance Orbiter
