UAO - DLR Asteroid Survey
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
UAO - DLR Asteroid Survey / UDAS (Ofkierzung fir UAO - DLR Asteroid Survey, woubäi UAO fir Uppsala Astronomical Observatory an DLR fir Deutsches Zentrum für Luft- und Raumfahrt steet) ass d’Bezeechnung fir en Asteroide-Sichprogramm, deen zënter 1999 vum Uppsala Astronomical Observatory a Kooperation mat dem Institut fir Planéitefuerschung vum DLR betriwwe gëtt. Mat Hëllef vun engem 50 Kilometer südlech vun Uppsala am Observatoire Kvistaberg stationéierten 1m Schmidt-Teleskop goufe bis 2005 ronn 350 Asteroide (dorënner och en äerdnot Objet) entdeckt[1].
UDAS ass (niewen ADAS) e Nofollegprogramm vun der ODAS-Himmelsiwwerwaachung, déi 1999 opgrond vum Manktem u finanzielle Mëttelen hat missen agestallt ginn.
Kuckt och [änneren]
- Near Earth Asteroid Tracking (NEAT)
- Lowell Observatory Near Earth Object Survey (LONEOS)
- Lincoln Near Earth Asteroid Research (LINEAR)