NGC 7742

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) UGC 12760)
NGC 7742
Detailfoto vum NGC 7742 opgeholl
vum Hubble-Weltraumteleskop
Stärebild Pegasus (Peg)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 23h 44m 15.86s
Deklinatioun + 10° 46' 01"
Ausgesinn
Hubble-Sequenz SA(r)b
Visuell Magnitude 11,6 mag mag
Visuell Magnitude
(B-Band)
12,4 mag mag
Wénkelduerchmiesser 1.8/1.7
Flächenhellegkeet mag/arcmin² 12,6 mag
Physikalesch Donnéeën
Routverrécklung (5514 ± 40)  10-6
Radialvitess (1648 ± 12)
Absolutten Duerchmiesser 36 000
Geschicht
Entdecker Wilhelm Herschel
Entdeckungsdatum 18. Oktober 1784
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
CGCG 432-23
GC 5005
h 2264
H II-255
IRAS 23417+1029
KUG 2341+104
MCG +2-60-10
NGC 7742
PGC 72260
UGC 12760
2MASX J23441571+1046015

Den NGC 7742 ass eng Face-On-Galaxis am Stärebild Pegasus.

Si ass 72 Milliounen Liichtjoer ewech. Mat engem Duerchmiesser vu 36.000 Liichtjoer ass se relativ kleng. Hir visuell Magnitude ass +11,6 m, d. h. si ass eng Seyfert-Galaxis vum Typ 2. – Opgrond vun hirem Ubléck gëtt si och nach „Spigelee-Galaxis“ genannt.

Si huet (vu bannen no baussen) follgenden Opbau:

  • D'Wëssenschaftler huelen un, datt an der Mëtt vun der Galaxis e Schwaarzt Lach ass.
  • Ronderëm ass e ganz helle Kär an eng Stëpsceinture an zirka 2000 Liichtjoer Ofstand.
  • An der nächster bloer Regioun (zirka 3200 Liichtjoer) entsti ganz vill Stären.
  • Duerno kënnt eng weider Stëbsceinture mat enger manner grousser Dicht wéi déi éischt.
  • Eréischt baussenzeg vun der zweeter Stëbsceinture gëtt et Spiralaerm, wéi se vun normale Spiralgalaxien bekannt sinn.

Den NGC 7742 huet ee sougenannten „aktive Kär“, d. h. dat Schwaarzt Lach verbrauch („frësst“) Massen aus senger Ëmgéigend. Déi Kären zeechne sech duerch eng extreem Hellegkeet aus.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]