NGC 680

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) UGC 1286)
NGC 680
D'Galaxien NGC 678 (uewen) an NGC 680 (ënnen), opgeholl mam 81 cm-Spigelteleskop vum Mount-Lemmon-Observatoire
Stärebild Aries (Ari)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 01h 49m 47,3s
Deklinatioun 21° 58' 15"[1]
Ausgesinn
Hubble-Sequenz E[2]
Visuell Magnitude 11,9[3] mag
Visuell Magnitude
(B-Band)
12,9[3] mag
Wénkelduerchmiesser 1,8 × 1,6[1]
Flächenhellegkeet mag/arcmin² [3]
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj) zirka 120 Mio.
Routverrécklung 0,009340
Radialvitess 2800[2]
Geschicht
Entdecker F. W. Herschel
Entdeckungsdatum 15. September 1784
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
MCG 04-05-015
NGC 680
PGC 6719
UGC 1286

Den NGC 680 ass eng elliptesch Galaxis a läit am Stärebild Aries. D'Galaxis huet eng Wénkelgréisst vun 1,8′ × 1,6′ an eng visuell Magnitude vun 11,9 mag.

Si gouf de 15. September 1784 vum Friedrich Wilhelm Herschel entdeckt.

No engem Artikel am Fachblad "Monthly Notices of the Royal Astronomical Society" weist si, genee wéi och d'Galaxis NGC 5557 däitlech Spuere vun enger Kollisioun a Verschmëlzung mat jee engem weidere Stäresystem a jéngster Vergaangenheet. Domat wier si amplaz vun de geschate siwe bis zéng Milliarde Joer nëmmen eng bis dräi Milliarde Joer al a géif domat vun der Genesistheorie an Entwécklung vun de Stäresystemer ofwäichen. Mat weideren Observatioune wëllen d'Astronomen elo préifen, ob déi béid Galaxien Eenzelfäll sinn oder ob elliptesch Galaxien generell méi jonk sinn wéi vun der Theorie behaapt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 SIMBAD Database
  2. 2,0 2,1 NASA/IPAC Extragalactic Database
  3. 3,0 3,1 3,2 Students for the Exploration and Development of Space