NGC 1132

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) UGC 2359)
Date vum NGC 1132
Stärebild Eridanus (Eri)
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Rektaszensioun 02h 52m 51,81s
Deklinatioun -01° 16' 28,8"
Ausgesinn
Hubble-Typ E
Visuell Magnitude (visuell) +12,3 m
Visuell Magnitude (B-Band) +13,3 m
Wénkelduerchmiesser 2,5' × 1,3'
Flächenhellegkeet 13,6 mag/arcmin2
Physikalesch Daten
Gehéiert zu der
Distanz 318 Millioune Liichtjoer
Routverrécklung +0,023133 ± 0,000037
Heliozentresch radial relativ Vitess +6935 ± 11 km/s
Geschicht
Entdeckung John Frederick William Herschel
Entdeckungsdatum 23. November 1827
Katalogbezeechnungen
NGC 1132, PGC 10891, UGC 2359, MCG +0-8-40, ZWG 389.40, h 273, GC 619

Den NGC 1132 ass eng elliptesch Risegalaxis a läit ronn 320 Millioune Liichtjoer vun eis ewech am Stärebild Eridanus.

Zesumme mat de ville klengen Zwerggalaxië ronderëm dës grouss Galaxis, ass dës al Grupp, warscheinlech duerch d'Verschmëlzung vu villen normalen Galaxien entstanen. Den NGC 1132 läit an engem risegen Halo aus donkeler Matière. Eng änlech Usammlung vun donkeler Matière fënnt ee just a Gruppe vu bis zu Honnert Galaxien. Si weist staark Röntgestralung op, déi op waarm Gasen zeréckzeféiere sinn. Och dës Gase fënnt een an der Reegel nëmmen a grousse Galaxiëgruppen. D'Röntgenliicht vum NGC 1132 erstreckt sech iwwer e Beräich, deen ongeféier zéngmol méi grouss ass wéi d'Ausdeenung vun der Galaxis. Den NGC 1132 huet e Radius vun 120.000 Liichtjoer.

Op enger Hubble-Foto, déi bei Observatiounen an de Joren 2005 an 2006 gemaach goufen, si ronderëm den NGC 1132 vill al Kugelstärekéip ze gesinn. Si hu méiglecherweis fréier zu de Galaxië gehéiert, déi vum NGC 1132 opgefaange goufen.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

D'Galaxis NGC 1132 gouf den 23. November 1827 vum britteschen Astronom John Frederick William Herschel entdeckt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]