Arp 299

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) UGC 6471)
Arp 299 (NGC 3690, IC 694)
HST-Foto vum Arp-299-System
Stärebild Ursa Major (UMa)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 11h 28m 30s
Deklinatioun + 58° 34'
Ausgesinn
Wénkelduerchmiesser ×
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj) zirka 130 M
zirka 40 M pc
Routverrécklung zirka 0,010
Radialvitess zirka 3000 km/s
Geschicht
Entdecker Wilhelm Herschel
Entdeckungsdatum 18. Mäerz 1790
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
Arp 299
CGCG 291-73
Holm 256
IC 694
IRAS 11257+5850
MCG +10-17-002 / +10-17-003
NGC 3690
PGC 35321 / 35325 / 35326
UGC 6471 / 6472
VV 118
KPG 288

Den Arp 299 ass e System vun interaktive Galaxien am Stärebild Ursa Major a läit ongeféier 40 Millioune Parsec vun eis ewech. De System besteet aus enger verschmolzener Galaxiëkoppel, deenen hir Kären nëmme ronn 22" vunenee leien, sowéi aus enger klenger E/S0-Galaxis géi eng Bouminutt nordwestlech läit.

D'Katalog-Bezeechnungen NGC 3690 an IC 694 bezéie sech op dat System, woubäi d'Zouuerdnung oneenheetlech ass. Fir e weideren Duerchernee suergt den Ëmstand, datt am Arp-Atlas d'Bezeechnungen NGC 3690 an IC 694 falsch Arp 296, enger anerer interaktiver Galaxiëkoppel, nëmmen e puer Bouminutte vun Arp 299 ewech, zougeschriwwe ginn.

Am Arp-299-System goufen d'Supernovaen SN 1992bu, SN 1993G, SN 1998T an SN 1999D souwéi SN 1990al an SN 2005U observéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Arp 299 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Falschfaarwebild vun der verschmolzener Galaxiëkoppel (Kombinatioun vun enger VLA-Foto mat enger HST-Foto)