USNO CCD Astrograph Catalog
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den USNO CCD Astrograph Catalog (UCAC) ass en astrometresche Stärekatalog vum United States Naval Observatory.
Inhaltsverzeechnes |
Versiounen [änneren]
UCAC-1 [änneren]
Déi éischt virleefeg Editioun, publizéiert am März 2000, enthält Positiounen an Eegebewegunge vun iwwer 27 Millioune Stäre vun der südlecher Hemisphär am Hellegkeetsberäich vun 8 bis 16 mag.
UCAC-2 [änneren]
Déi zweet Editioun gouf bei der Generalversammlung vun der IAU zu Sydney (2003) publizéiert an enthält Positiounen an Eegebewegunge vu ronn 50 Millioune Stären.