USS Missouri (BB-63)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Schluechtschëff USS Missouri aus der Iowa-Klass. Fir aner Schëffer mat deem Numm, kuckt wgl. USS Missouri.
D' Missouri (ëm 1990).

D'USS Missouri (BB-63) ass e fréiert Schluechtschëff vun der United States Navy dat zu der Iowa-Klass gehéiert.

Et huet eng Längt vun 270,43 Meter an eng Breet vun 32,98 Meter. Et hat tëscht 1500 an 2800 Mann Equipage. Et gouf mat 8 Dampkesselen, vu 4 Dampturbinnen, déi 4 Propellere mat 212.000 Wellen-PS (158 MW), ugedriwwen, a konnt eng Vitess vun 33 Kniet erreechen.

Et gouf 1944 an Déngscht gestallt a huet 1945 beim Pazifikkrich matgemaach. Den 2. September 1945 gouf op der Missouri Geschicht geschriwwen, wéi um viischten Deck déi politesch a militäresch Representante vu Japan kapituléiert hunn a sou den Zweete Weltkrich op en Enn goung.

Vun 1950 un ass d'Missouri mat an de Koreakrich gefuer; dono war se, bis 1984, en Deel vun der Reserveflott. Dono gouf se staark moderniséiert a koum nach eng Kéier 1991 am Zweete Golfkrich zum Asaz.

Haut läit d'Missouri als Muséesschëff zu Pearl Harbor op Hawaii a kann do besicht ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: USS Missouri (BB-63) – Biller, Videoen oder Audiodateien