UTM-Koordinatesystem

Vu Wikipedia

Den UTM-Koordinatesystem baséiert um UTM-Projektiounsmodell.

Den UTM-Koordinatesystem gëtt vun de Militär vun den Natoslänner benotzt, vir sech op enger Landkaart erëmzefannen. Den UTM-Koordinatesystem gëtt awer och dacks ënner dem Numm WGS-84 oder Varianten, déi deem gläichen, op de GPS Navigatiounssystemer benotzt.

Beim UTM-Koordinatesystem gëtt e Punkt mat Hëllef vu

  • Fuseauen
  • Banden
  • Quadrillagezonen
  • Véierecker vun 100 × 100 km
  • Véierecker 1 × 1 km

definéiert.

Fuseau[änneren | Quelltext änneren]

Fuseauen

De Globus gëtt am UTM-System a 60 Fuseaue vu 6° Breet opgedeelt. Dës Fuseauë sinn nummeréiert vun 1 - 60. Et gëtt vum 180. Längtegrad aus no Oste gezielt, dat heescht vu lénks no riets. En Deel vu Lëtzebuerg läit um Fuseau 31, den aneren Deel um Fusereau 32.

Banden[änneren | Quelltext änneren]

Banden

De Globus gëtt am UTM-System an 20 Bande vun 8° Héicht agedeelt. Dës Bande gi buschtawéiert vun C bis X (ouni I an O). Et gëtt vum Breetegrad 80 S bis 80 N gezielt. Lëtzebuerg läit op der Bande U.

Quadrillagezone[änneren | Quelltext änneren]

Eng Quadrillagezone oder Grid Zone oder Zone de Quadrillage ass d'Intersektioun vun enger Bande an engem Fuseau.

Quadrillagezone

Lëtzebuerg läit also op der Quadrillagezone 31U an 32U

Véiereck vun 100 × 100 km[änneren | Quelltext änneren]

Eng Quadrillagezone ass erëm ënnerdeelt an 20 Carréë vun 100 × 100 km. Een sou ee Carré gëtt duerch 2 Buschtawen designéiert.

Véiereck 100 × 100 km

Véiereck vun 1 × 1 km[änneren | Quelltext änneren]

E Véiereck vun 100 × 100 km ass erëm ënnerdeelt a Véierecke vun 1 × 1 km. Een sou ee Véiereck gëtt duerch 2 × 2 Zifferen désignéiert.

Véiereck 1 × 1 km

Bis op de Meter genee[änneren | Quelltext änneren]

De Véiereck kann een elo nach ënnerdeelen, an zwar soulaang wéi een et fir néideg hält. Et mech wéineg Sënn, vir eng Prezisioun vu manner wéi engem Meter ze sichen. Mat Hëllef vun engem Réimer, wat u sech näischt anescht ass wéi en zweedimensionaalt Lineal, kann een op enger Landkaart am Moossstaf vun 1:20.000 eng Prezisioun vun 10 m erreechen.

Mat engem Réimer kann een eng Prezisioun vun 10 m op enger Kaart vun 1:20.000 erreechen

An dësem Fall sinn d'Koordinaten 32UFK38638566. Well ee jo seelen Distanzen iwwer 100 km mécht, ginn d'Koordinaten dacks ofgekierzt an nëmmen als 38638566 (Prezisioun 10 m) oder 386856 (Prezisioun 100 m)duergestallt.