Udo Jürgens

Vu Wikipedia
Udo Jürgens
Gebuertsnumm Jürgen Udo Bockelmann
Pseudonym Udo Bolán, Udo Jürgens
Gebuer 30. September 1934
Gestuerwen 21. Dezember 2014
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit Éisträich, Schwäiz, Däitscht Räich 1933–1945
Aktivitéit Schauspiller, Sänger, Komponist, Pianist, Discographesche Kënschtler
Famill
Kanner Gloria Burda
Den Udo Jürgens (2010),
Mam France Gall, just nodeems en 1966 de Grand Prix gewonnen hat.

Den Udo Jürgens, mam richtegen Numm Udo Jürgen Bockelmann, gebuer den 30. September 1934 zu Klagenfurt a gestuerwen den 21. Dezember 2014 zu Münsterlingen an der Schwäiz, war en éisträichesche Sänger a Lidderschreiwert a -komponist, deen zanter 2007 och déi Schwäizer Nationalitéit hat.

Hie war ee vun de bekanntsten a populäersten däitschsproochege Sänger, mat Schlagere wéi Siebzehn Jahr, blondes Haar, Mit 66 Jahren, Griechischer Wein oder ... aber bitte mit Sahne! Och säi Lidd Buenas Dias Argentina, dat en 1978 mat der Däitscher Foussballnationalekipp opgeholl hat, war e grousse Succès an Däitschland.

Säin Duerchbroch hat hien 1966 beim Grand Prix Eurovision de la Chanson zu Lëtzebuerg mat Merci Chérie, woumat en déi éischt Plaz krut. Déi zwee Joer virdrun war hie bei deem Concours mat Warum, nur Warum op déi 6. Plaz, respektiv 1965 mat Sag' ihr, ich laß sie grüßen op déi véiert komm.

Hien huet am Ganzen iwwer 900 LIdder geschriwwen, an eng 50 Studioalben erausbruecht. Am ganzen huet hie ronn 100 Millioune Placke verkaaft. Seng Texter waren net seelen zimmlech déifgrënneg fir Schlager, a kënnen dofir deels dem Chanson-Repertoire zougerechent ginn, well se sech och alt mat Gesellschaftsproblemer beschäftegt hunn.

Den Udo Jürgens huet an den 1990er Joren och an e puer Spillfilmer an Tëleesserien, wéi Das Traumschiff an Ein Schloß am Wörthersee matgespillt.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

Titel Joer Bemierkungen
Portrait in Musik 1965 -
Siebzehn Jahr, blondes Haar 1965 Single
Françoise und Udo 1966 -
Merci, Chérie 1966 Single
Portrait in Musik II 1967 -
Was ich dir sagen will 1967 -
Udo 1968 -
Mein Lied für dich 1968 -
Udo live 1969 Livealbum
Udo '70 1969 -
Udo 71 1970 -
Zeig mir den Platz an der Sonne 1971 -
Helden, Helden 1972 Musical
Ich bin wieder da 1972 -
Johnny und Jenny (Alle Kinder dieser Welt) 1973 -
Udo heute 1974 -
Meine Lieder 1975 -
Udo 75 - Ein neuer Morgen 1975 -
Meine Lieder 2 1976 -
Meine Lieder '77 1977 -
Udo live '77 1977 Livealbum
Buenos dias, Argentina 1978 mat der däitscher Foussballnationalmannschaft ’78
Udo 1957-60 1980 -
Nur ein Lächeln 1980 -
Udo '80 1980 -
Leave a little love 1981 -
Willkommen in meinem Leben 1981 -
Lust am Leben live 1981 Livealbum
Silberstreifen 1982 -
Traumtänzer 1983 -
Hautnah 1984 -
Live & Hautnah 1985 Livealbum
Treibjagd 1985 -
Deinetwegen 1986 -
Das Live-Konzert '87 1987 Livealbum
Das blaue Album 1988 -
Sogar Engel brauchen Glück 1989 -
Ohne Maske 1989 -
Live ohne maske 1990 Livealbum
Sempre Roma 1990 mat der däitscher Foussballnationalmannschaft ’90
Das Traumschiff 1990 Soundtrack
Geradeaus 1991 -
Open air symphony live 1992 Livealbum
Café Grössenwahn 1993 -
140 Tage Grössenwahn - Tour 1994/95 1995 Livealbum
Zärtlicher Chaot 1995 -
Gestern - heute - morgen 1996 -
Gestern - heute - morgen live '97 1997 Livealbum
Ich werde da sein 1999 -
Mit 66 Jahren (was wichteg ist...) 2000 -
Mit 66 Jahren - Live 2001 2001 Livealbum
Es lebe das Laster 2002 -
Es werde Licht - Meine Winter- und Weihnachtslieder 2003 -
Es lebe das Laster - Udo live 2004 Livealbum
Jetzt oder nie 2005 -
Der Soloabend: Live am Gendarmenmarkt 2006 -
Jetzt oder nie live 2006 Livealbum
Lieder voller Poesie 2007 -
Einfach ich 2008 -
Ich war noch niemals in New York 2008 Musical
Einfach ich live 2009 Livealbum
Der Mann mit dem Fagott 2011 Soundtrack
Der ganz normale Wahnsinn 2011 -
Mitten im Leben 2014 -

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

  • Großes Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich[1].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Udo Jürgens – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lëscht vun de Persounen déi tëscht 1952 an 2012 d'Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich kruten