Uerden (Relioun)
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
En Uerden, vu lat. ordo: Uerdnung, Stand, am Sënn vun enger reliéiser Communautéit, ass eng duerch eng Uerdensregel festgeluechten Liewensgemeinschaft vu Männer oder vu Fraen, déi sech duerch d'Uerdensgelübde un eng gewëss Liewensform bannen a zesumme liewen wéi z. B. an engem Klouschter.
Vu Memberen vun engem Uerden sinn normalerweis d'Mönchen ze ënnerscheeden, déi zwar no deselwechte Prinzipien awer alleng, ofgesonnert vu den aneren, liewen.
An der réimesch-kathoulescher Kierch gëtt en Ënnerscheed tëscht Uerden am eigentleche Sënn (Uerden, déi laang bestinn, dorënner Uerde vu Mönchen, Nonnen, geeschtleche Ritteruerden, Betteluerden a Regularkanoniker op der enger Säit), a Uerdensgemeinschaften mat neizäitlechem Charakter op der aner Säit gemaach. Déi lescht gi meeschtens als Kongregatioune bezeechent.
Uerdenscommunautéiten am réimesch-kathoulesche Sënn gëtt et an den orthodoxe Kierchen an och an den kathouleschen Ostkirchen kaum. Dat orthodoxt Mönchtum gëtt villméi zum gréissten Deel a selbststännege Kléischter a Kléischterverbänn praktizéiert, sou z. B. d'Mönchsrepublik vum Bierg Athos.
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Reliéis Uerden – Biller, Videoen oder Audiodateien |