Uertschaftsschëld

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
En Uertschaftsschëld vun der Stad Lëtzebuerg

Uertschaftsschëlter weisen no der Definitioun vum Lëtzebuerger Code de la Route den Agank oder den Ausgank vun enger Uertschaft oder engem Lieu-dit dee mat enger Uertschaft assimiléiert ass.

De Lëtzebuerger Code de la Route gesäit dofir 4 Schëlter vir:

  • Schëlter laanscht d'Stroossen
    • D'Schëld E, 9a an d'Schëld E, 9b
  • Schëlter op Vëlospisten
    • D'Schëld E, 9aa an d'Schëld E, 9ba

Originaltext aus dem Code de la Route:[1]

Le signal E,9a indique le début d'une agglomération ou d'un lieu-dit assimilé à une agglomération. Le signal E,9b indique la fin d'une agglomération ou d'un lieu-dit assimilé à une agglomération. Il peut porter l'inscription de la prochaine agglomération ou lieu-dit.

Le signal E,9aa, indique sur un itinéraire cyclable qui ne longe pas une chaussée, le début d’une agglomération ou d’un lieu-dit assimilé à une agglomération. Le signal E,9ba, indique sur un itinéraire cyclable qui ne longe pas une chaussée, la fin d’une agglomération ou d’un lieu-dit assimilé à une agglomération. Il porte l’inscription de la prochaine agglomération ou lieu-dit.

Schëld E,9a: Ufank vun enger Uertschaft
Schëld E,9b: Enn vun enger Uertschaft
Schëld E,9aa op enger Vëlospiste: Ufank vun enger Uertschaft
Schëld E,9ba op enger Vëlospiste: Enn vun enger Uertschaft

D'Uertschaftschëlter gi vun der Bauverwaltung laanscht Staatsstroossen opgestallt. Fir Gemengeweeër sinn déi respektiv Gemengen zoustänneg.

Si sinn zu Lëtzebuerg giel, mat schwaarzer Schrëft. Zanter den 1970er Jore steet dorop ëmmer méi dacks de lëtzebuergeschen Numm kursiv ënner dem franséischen, resp. däitschen. Op de Vëlospiste sinn d'Uertschaftsnimm gréng op wäissem Hannergrond.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Uertschaftsschëlter zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[änneren | Quelltext änneren]

  1. Artikel 107 – V. Signaux d’indication aus dem Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques mat Ännerunge duerno, op Legilux - den Droitsportal vun der Lëtzebuerger Regierung; fir d'lescht gekuckt de 15. Februar 2014.