Uewerkäerjeng
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Al Schoul, aalt Paschtoueschhaus a Kierch | |||||||
| An anere Sproochen: |
fr: Hautcharage de: Oberkerschen |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Lëtzebuerg | ||||||
| Kanton: | Kapellen | ||||||
| Gemeng: | |||||||
| Buergermeeschter: | Michel Wolter (CSV) | ||||||
| Awunner Uertschaft: | 1.615 (2006 [1]) |
||||||
| Fläch Uertschaft: | 588,7577 [2] ha | ||||||
| Koordinaten: | 49° 34' 32" N 05° 54' 36" O |
||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
Uewerkäerjeng ass eng Uertschaft an der Gemeng Käerjeng.
Inhaltsverzeechnes |
Geographie [änneren]
Uewerkäerjeng läit am Südweste vu Lëtzebuerg. D'Nopeschdierfer sinn der Auer no: Kënzeg, Féngeg, Héiweng, Schuller, Nidderkäerjeng, Lénger.
D'Mierbaach, déi no beim Boufferdanger Muer entspréngt, leeft duerch Uewerkäerjeng.
Verkéier [änneren]
D'Uertschaft ass iwwer den CR110a an den CR111 un d'Stroossennetz ugeschloss.
Bis 1967 ass d'Eisebunnsstreck Ettelbréck - Péiteng, och nach Atertlinn genannt, laanscht Uewerkäerjeng gelaf. Déi fréier Gare, vun där virdrun just nach Ruinen iwwereg waren, ass am Abrëll 2011 ofgerappt ginn. Do wou fréier d'Atertlinn verlaf ass, ass haut d'Vëlospist PC12.
Geschicht [änneren]
D'Kierch vun Uewerkäerjeng gouf am 18. Joerhonnert gebaut. Hire Mobilier staamt aus dem Barock.
Sport [änneren]
Am Joer 1971 huet de fréiere Fussballclub FC Jeunesse Uewerkäerjéng d'Coupe de Luxembourg gewonnen andeems en d'Jeunesse Esch mat 4:1 no Verlängerung geschloen huet. Am Europapokal vun de Pokalgewënner huet Uewerkäerjeng du musse géint den FC Chelsea untrieden. Mat enger Goldifferenz vun 0-21 an nëmmen enger Ronn huet de Veräin en Negativrekord opgestallt deen nach ëmmer besteet.
1997 hunn déi béid Veräiner Jeunesse Uewerkäerjeng an den US Bascharage fusionéiert a sou ass de Club UN Käerjéng 97 entstanen.
Kulturelles [änneren]
Den 22. Mee 2010 huet de belschen Hageland Wind Orchestra am Kader vun den 100-Joer-Feierlechkeeten vun der Uewerkäerjenger Musek d'Europapremière vum Jan van der Roost sengem Marsch Apollo opgefouert.
Kuckeswäertes [änneren]
- D'Kierch vun Uewerkäerjeng
- D'Péiteschhaus am Maria-Theresiestil a Gebuertshaus vum Michel Gloesener
- Den ale Wäschbur
- D'Réserve naturelle vun de Griechte beim ale Wäschbur
- D'Naturschutzgebitt Boufferdanger Muer am Gebitt tëschent Féngeg an Uewerkäerjeng
6 vu 7 Gebaier déi an der Gemeng Nidderkäerjeng an der Lëscht vun den nationale Monumenter agedroe sinn, stinn zu Uewerkäerjeng. Dozou gehéieren dräi Bauerenhaiser, dat aalt Paschtoueschhaus, eng Kapell an d'Kierch.
Kuckt och: Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Nidderkäerjeng
Perséinlechkeete vun Uewerkäerjeng [änneren]
- Michel Gloesener, Physiker a Fuerscher;
- Michel Wolter, député-maire, fréieren Inneminister;
- David Bottacin alias David Goldrake, Zauberkënschtler.
Kuckt och [änneren]
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Lëtzebuerger Distrikter
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Uewerkäerjeng – Biller, Videoen oder Audiodateien |