Uewerpallen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Uewerpallen
An anere
Sproochen:
fr: Oberpallen
de: Oberpallen
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Distrikt: Dikrech
Kanton: Réiden
Gemeng: Coat of arms beckerich luxbrg.png Biekerech
Buergermeeschter: Camille Gira (déi gréng)
Awunner Uertschaft: 417
(12. Juli 2006)
Fläch Uertschaft: 430,6602 ha
Koordinaten: 49° 43' 46" N
05° 50' 32" O
Uertschaften - Gemengen - Stied
D'Schoul zu Uewerpallen
Um Diggel
Den Haff A Gräins

Uewerpallen ass eng Uertschaft an der Gemeng Biekerech.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Geographie

Uewerpallen läit um Zesummefloss vun der Pall an der Péilz an engem breeden Dall deen a Richtung Belsch méi schmuel gëtt. Déi gréisste Partie vum Duerf läit op Lëtzebuerger Sandsteen (op Giisch an op Arel zou ) zur Kolpecher an Eller Säit sinn d'Biedem méi schwéier.

[änneren] De Verkéier

D'Uertschaft ass un d'Strossennetz ugeschloss duerch d'Nationalstrooss N 24, déi vun Arel op Dikrech féiert, d'Nationalstrooss N 22, déi op Réiden geet an den CR 303 deen op Kolpech geet.
Zwéi Feldweeër, op deenen ee mam Auto fuere kann, verbannen Uewerpallen mat Tontel a Bunnert. Een drëtte geet iwwer de Schnuddelbierg op Giisch.

D'landwirtschaftlech Terrainen sinn am Süde, Westen an Norde vu Bëscher agegrenzt, no Osten ass den Dall op bis op Liewel.

[änneren] Geschicht

D’Ethymologie vum Numm vum Duerf ass op d‘Baach Pall, déi duerch d’Duerf fléisst, zréckzeféieren. Dëser Baach verdankt d’Duerf wahrscheinlech och de Fait, datt den Territoire vum heitegen Uewerpallen schons säit dem Paléolithikum besiedelt war a säitdem bis haut permanent bewunnt ass. Dëst ass duerch archéologesch Decouvertë beluecht. Besonnesch interessant ass an deem Zesummenhang eng grouss réimesch Villa, déi an den 1970er Joren entdeckt, mä nach net ausgegruewe, gouf.

Verschidde Variatioune vum Numm (bspw. Pilldorf oder Palldorf) loossen op eng Grënnung vum Duerf zur Zäit vun der eelster fréifränkescher Zäit schléissen. Den Diggel (um Diggel), deen hautdesdaags zu Uewerpallen gehéiert, an nëmme puer honnert Meter vum „Zentrum“ ewech läit, war deemools awer en eegent Duerf, a gouf zu där Zäit Didelingen rspt. Dudlingen genannt. Dësen Duerfnumm ënnerstetzt d’These, datt Uewerpallen zu där Zäit gegrënnt ginn ass.

Déi eischt Mentioun vum Duerf Uewerpallen an der Literatur ass net bekannt. An de mëttelalterleche Quellen ass riets vu Pillen, Pallen, Pilldorf (oder och Pildorf), Palldorf (oder och Paldorf), Pellen an Pollen. Et gëtt also keen Ënnerscheed mat dem Duerf Nidderpallen, dat nëmmen e puer Kilometer dovunner ewech läit, gemaach. Deemno stellt sech de Problem vun der Identifikatioun an de Quelle fir di zwee Dierfer. Déi éischt schrëftlech Quelle stamen aus dem 13. a 14. Jorhonnert. Am Cartulaire vum Märjendaller Klouschter, dat an den 30er Jore vum 13. Jorhonnert gegrënnt ginn ass, ass munchmol an deene verschiddene Variatioune vun Uewer- oder Nidderpallen riets. Uewerpallen huet relativ sécher schons virum 13. Jorhonnert zur Parorganisatioun vun der Martinskierch zu Arel gehéiert. Zu engem onbestëmmten Datum huet et sech dunn vun der Mammekierch, der Martinskierch, getrennt an ass doropshinn eng eegestänneg kleng Por ginn. Bittprozessiounen zwëschent Uewerpallen an der Martinskierch (um Markusdag) an emgedréint loossen dorop schléissen. De Patroun vun der Porkierch zu Uewerpallen ass den Hëllege Germanus. Dësen Numm ass als Kierchepatroun zu Lëtzebuerg eenzegaarteg a léisst op eng fréi Grënnung schléissen.

Aus dem Cartulaire vum Fraeklouschter geet ervir, datt e gewëssene Johann, genannt Johann vun Hoën, Bierger vun Arel, dem Fraeklouschter am Joer 1268 säin Deel vum Zengten zu Pallen verkaaft hat. Am Joer 1280 huet e Geleman, genannt vun Arel, festgestallt, datt him an dem Klouschter ofwiesselnd d’Präsentatiounsrecht zu Uewerpallen zousteet. Am Joer 1317 ass fir d’éischte Kéier eendeiteg Uewerpallen am Märjendaller Urbar ernimmt; zwar nach ënnert dem Numm „Pallen“, mä well och Nidderpallen ënnert sengem richtegen Numm ernimmt ass, kann een zur Konklusioun kommen, datt et sech beim “Pallen” ëm Uewerpallen handelt. Weider Ernimmunge confirméieren de kierchlechen Zesummenhang zwëschent dem Klouschter am Märjendall an der Uertschaft Uewerpallen, an dat bis iwwert d’Mëttelalter eraus.

Uewerpallen war vun 1839 bis 1846 eng eegestänneg Gemeng. Virun 1839 huet se zur Gemeng Giisch am Distrikt Virton gehéiert. Duerch d'Gesetz vum 25. Juli 1846 ass d'Gemeng Uewerpallen suppriméiert ginn, an déi dräi Sektiounen aus deene se bestanen hat, hu vun do un zu der Gemeng Biekerech gehéiert.

Déi dräi Sektioune vun der Gemeng Uewerpallen waren:

De Michel Thibesart war de leschte Buergermeeschter vun der Gemeng Uewerpallen.

Et gouf eng Molkerei am Tontelerwee, déi Mëtt der 1950er Joren zougemaach gouf, op der Plaz vun der Molkerei stett haut e Käschtebaam.

D'Douaneshaischen dat op der Grenz stoung ass ewechgerappt. Zu Pallen waren och ni Douaniere stationnéiert. Den Douanesdéngscht gouf do vun der Gendarmerie gemaach. D'Gendaarmen hu mat hire Famillen an Déngschtwunnenge nieft dem Wuechthaische gewunnt.

D'Bild hei niewendrun ass eng Postkaart vun 1907, a weist eng Zeen um Diggel. Et kéint ee sech wonneren datt an deem klengen Duerf souvill Leit op der Stross sinn. D'Bild staamt aus enger Zäit an där vill Aktivitéit an der Uertschaft war. Dat éischt Haus am Bild ass eng Wirtschaft mat Restaurant déi der Witfra Warnimont gehéiert huet, an duerno der Famill Thilmany. D'Gebai hannen am Bild ass déi fréier Duchfabréck déi dem Edmond Lazard, gebierteg vun Arel gehéiert huet. Déizäit hunn iwwer uechtzeg Leit do geschafft. D'Wiewerei huet hir Dieren ëm 1913 zougemaach. Haut ass d'Haus mat der N° 24 op der Arelerstrooss am Besëtz vun der Famill Binsfeld.

Den Edmond Lazard war ee vun den éischte Piloten an der Géigend an hat en Doppeldecker.

[änneren] Kuckeswäertes

Gossemaark N°121 tëscht Tontel an Uewerpallen

Zu Uewerpallen gëtt et e schéine Bauerenhaff vu 1766, A Gräins genannt, am Maria-Theresie-Stil. Dësen Haff gesäit een am lëtzebuergesche Film Déi zwéi vum Bierg an deem den Henri Losch matspillt an der Roll vum Paschtouer. Den Henri Losch war iwwregens 3 Joer Schoulmeeschter zu Uewerpallen.

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Uewerpallen – Biller, Videoen oder Audiodateien


[änneren] Literatur

[änneren] Primär Quellen

  • Bertholet, Jean. Histoire ecclésiastique et civile du duché de Luxembourg et comté de Chiny. Bastogne : Éd. Musée en Piconrue, 1997. (Réimpr. de l’éd. de: Luxembourg: Chez André Chevalier, Imprimeur de Sa Majesté la Reine de Hongrie, 1741-1743)
  • Estgen, Aloyse, Michel Pauly, Hérold Pettiau, et Jean Schroeder. Coll. UQB, Tome XI: Die Urkunden Graf Johanns des Blinden (1310-1346), 2e partie: Die Urkunden aus den Archives générales du Royaume in Brüssel. Luxembourg: Publications du CLUDEM, 2009.
  • Goffinet, Hippolyte. Cartulaire de Clairfontaine. Arlon: Typographie et Lithographie de P.-A- Bruck, 1877.
  • Heydinger, Joannes W. Archidiaconatus, Tituli S. Agathes, in Longuiono, Archidioecesis Trevirensis, ... descriptio … . Trèves: Groppe, 1884.
  • Kaiser, Johann Baptist. Das Archidiakonat Longuyon am Anfange des 17. Jahrhunderts. Visitationsbericht von 1628- 1629. Tome 2, coll. Schriften der Elsass-Lothringischen Wissenschaftlichen Gesellschaft. Série A, Tome 4. Heidelberg: Société alsacienne d’éditon „Alsatia“, 1929.
  • Medinger, Eugen. Geschichte der Ortschaft Oberpallen. Urkundenmaterial für Oberpallen. Geschichte der Ortschaft mit Pfarrei Oberpallen. Fonds de la “Millen a.s.b.l.”: Ecritures privées non éditées, , [s.d.]; environ 1900.
  • Schon, Arthur. Zeittafel zur Geschichte der Luxemburger Pfarreien von 1500-1800. 5 volumes. Esch-sur-Alzette: Kremer-Muller, 1954-57.
  • Tandel, Emile. Les communes luxembourgeoises. 7 volumes. Arlon: Institut archéologique du Luxembourg, 1889. (Réimpr. de l’éd.: Bruxelles: Editions Culture et Civilisation, 1979.)
  • Van Werveke, Nicolas. Cartulaire du prieuré de Marienthal. 2 volumes. Luxembourg: Publications de la Section Historique de l'Institut G.-D. de Luxembourg, 1885; 1891.
  • Verkooren, Alphonse. Inventaire des Chartes & Cartulaires du Luxembourg. Tome 2. Bruxelles: Typographie et Lithographie de E. Guyot, 1915.
  • Würth-Paquet, François-Xavier. “Archives de Marches de Guirsch.” Annales de l'Institut Archéologique du Luxembourg 10 (1878): 25-76, 179-205; 12 (1880): 105-183.
  • Würth-Paquet, François-Xavier. “État des seigneuries et des biens-fiefs dépendants du marquisat d'Arlon dressé en février 1480.” Annales de la Société pour la conservation des monuments historiques et des œuvres d'art dans la province de Luxembourg 2 (1852): 209-216.

[änneren] Sekundär Quellen

  • Bernard-Lesceux, Isabelle. “Les calvaires et croix de chemin d’Oberpallen. Un exemple de piété populaire dans la campagnes luxembourgeoises au XVIIIe siècle.” Hémecht 51 (1999): 503-32.
  • Bivort, Charles. “Traditions et superstitions du Grand-Duché de Luxembourg.” Revue des traditions populaires 12 (1897): 326-333.
  • Bivort, Charles. Mon Village Oberpallen: Histoire, traditions, usages, mœurs, coutumes, fêtes religieuses et populaires, légendes, métiers, dictons, superstitions, croyances populaires du vieux temps. Paris: Imprimerie de la Bourse de commerce, 1902.
  • Bosseler, Nicolas. “Die Pfarrkirche Oberpallen.” Heimat und Mission 11-12 (1978): 231.
  • Bosseler, Nicolas. Die Gemeinde Beckerich. Eine Reise durch die Zeit. Luxembourg: Rapidpress, 1996.
  • Heyart, Luss. Das Kloster Marienthal und seine Geschichte. Leudelange: Imprimerie Reka, 2003.
  • Jungandreas, Wolfgang. Historisches Lexikon der Siedlungs- und Flurnamen des Mosellandes. Trèves: Lintz, 1963.
  • La Fontaine, Gaspard-Théodore-Ignace de. Extrait d’un essai étymologique sur les noms de lieux du Luxembourg germanique. Luxembourg: V. Brück, [s.d.].
  • Medinger, Eugen. “Alte Gebräuche in der Pfarrei Oberpallen.” Ons Hémecht 38 (1932): 199-206.
  • Meyers, Joseph. Studien zur Siedlungsgeschichte Luxemburgs. Luxembourg: De Gruyter, 1932.
  • Nilles, Léon N. “Oberpallen. Kein Dorf wie jedes andere.” Revue Luxembourgeoise (1961): 10-6.
  • Pauly, Ferdinand. Siedlung und Pfarrorganisation im alten Erzbistum Trier. Das Landkapitel Mersch, éd. Veröffentlichungen des Bistumsarchivs Trier, 21. Trèves: Selbstverlag des Bistumsarchivs Trier, 1970.
  • Prat, Georges-François. Histoire d’Arlon. 2 volumes. Arlon: Typographie et Lithographie de P.-A- Bruck, 1873.
  • Robert, Camille, et Romain Gaspar. “Grabungen und Funde. Actualités archéologiques.” Hémecht 56 (2004): 193-265.
  • Schaaff, Holger. Die Altertümer der Merowingerzeit im Großherzogtum Luxemburg. Luxembourg: Musée National d'Histoire et d'Art, 1993.
  • Van der Vekene, Emile. Les Cartes Géographiques du Duché de Luxembourg éditées aux XVIe, XVIIe et XVIIIe siècles. Luxembourg: Editions Jean-Pierre Krippler-Muller, 1980.
  • Van Werveke, Nicolas. Luxemburger Flur- und Ortsnamenforschung. Luxemburg : Linden & Hansen, 1926.
  • Watelet, Marcel. Luxembourg en cartes et plans. Cartographie historique de l'espace luxembourgeois XVe-XIXe siècles. Tielt: Lannoo, 1989.
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen