Ugrëff op Pearl Harbor
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel iwwer den Zweete Weltkrich ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem japaneschen Ugrëff op Pearl Harbor am Zweete Weltkrich. Fir en allgemengen Artikel iwwert Pearl Harbor, kuckt w.e.g. Pearl Harbor. |
Mam Ugrëff vun de Japaner op Pearl Harbor, de 7. Dezember 1941 ass de Krich vu Japan géint d'USA ugaang.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Eng onerwaart Attaque
[änneren] Den Ëmfang vun de Verloschter
Am Moment vum Ugrëff louche 96 Schëffer vun alle Gréissten, an an ëm den Hafen. Dovunner waren 8 Schluechtschëffer, 2 schwéier a 6 liicht Kräizer. 29 Zerstéierer, 4 U-Booter, an een aalt Schluechtschëff, dat bei Schéissübungen als Zilscheif geholl gouf. Nach fënnef aner Schëffer waren am Ëmkrees vun zéng Meile vun Oahu.
[änneren] Schëffsverloschter (néng versenkt oder deelweis zerstéiert)
|
[änneren] Beschiedegt Schëffer
Mat Ausnam vun der Arizona an der Utah goufen d'Schëffer all erëm gehouwen a flott gemaach, soudatt als Totalverloschter nëmmen dës zwee Schëffer ze betruechte sinn.
Derbäi kann een nach d' d'Oklahoma rechnen dé zwar gehuewen, awer net méi reparéiert gouf.
[änneren] Fligerverloschter
- Op de verschiddene Fluchhäfen op Oahu waren 394 Fligere stationéiert vun deenen der vill vereelst, an net asazbereet waren, oder nëmme fir Opklärung gebraucht goufen.
- D'Marine hat ca. 157 Maschinnen déi asazbereet waren an d'Arméi ca. 139. Vun d¨sen 296 Maschinne waren en der 279 modern Maschinnen.
- Vun dësen haten d'Japaner der 177 zerstéiert oder sou stark beschiedegt datt se net méi fléie konnten. Am grousse Ganzen haten d'Amerikaner 230 Fligere veluer, vun deenen awer eng Partie dervun net als Verloscht gerechent goufen, well se souwisou schonns ausrangéiert waren oder well den Asazwäert praktesch Null war.
- Honnert Fligere waren net sou stark beschiedegt, sou datt se erëm gefléckt konnte ginn.
[änneren] Personalverloschter
- Am Ganze waren 2.403 Mann gefall, an et gouf 1.178 Blesséierter. Eleng bei der Explosioun vun der Arizona waren 1.103 Offizéier a Mannschaften ëm d'Liewe komm.
[änneren] D'Konsequenze vu Pearl Harbor
[änneren] Literatur
- Lengeler, Hans & Kobler-Edamatsu, Sumie; Pearl Harbor 1941 (Ënnertitel:Paukenschlag im Pazifik), Podzun-Pallas-Verlag, 160 Säiten, 80 Biller.
- D'Buch behandelt d'Attack op Pearl Harbor aus japanescher Siicht
[änneren] Filmer iwert Pearl Habor
- From Here to Eternity (1953) vum Fred Zinnemann mam Burt Lancaster, Montgomery Clift an Deborah Kerr
- In Harm's Way (1965) vum Otto Preminger mam John Wayne a Kirk Douglas
- Tora! Tora! Tora! (1970) vum Richard Fleischer, Kinji Fukasaku a Toshio Masuda mam Martin Balsam. Joseph Cotton a Sô Yamamura
- Pearl Harbor (2001) vum Michael Bay mam Ben Affleck, Alec Baldwin a Jon Voight
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Pearl Harbor attack – Biller, Videoen oder Audiodateien |