Uluru-Kata Tjuta Nationalpark
Den Nationalpark Uluru - Kata Tjuta ass eng vun dene gréissten Touristenattraktioune vun Zentralaustralien.
Inhaltsverzeechnes |
Geographie [änneren]
Am Northern Territory vun Australien läit den Nationalpark Uluru – Kata Tjuta, 355 km südwestlech vun Alice Springs, matten an der rouder Wüst vum Kontinent. En huet eng Fläch vun 1325 km2 an ass 1958 gegrënnt ginn. Am Park leien zwee bedeitend geologesch Naturmonumenter: Den Uluru an de Kata Tjuta.
Geschicht [änneren]
Fir d'Urawunner huet de Park eng héich spirituell a kulturell Bedeitung.
D'Anangu, d'Urawunner vun Australien, sinn déi traditionell Besëtzer vum Nationalpark. Während 100 Joer hunn si awer missen op hir Heemecht verzichten a kruten dunn de 26. Oktober 1985 hiert Gebitt vum australesche Staat zréck , ënnert der Konditioun, den Nationalpark fir Touristen zougänglech ze loossen. Während deenen honnert Joer gouf den Uluru Ayers Rock genannt an d'Kata Tjuta Olgas.
Flora a Fauna [änneren]
Am Nationalpark liewen 160 Vullenaarten, 72 Reptillaarten, dorënner déi gréissten australesch Eidechs, den 2,5 m laange Risewaran, d'Schwaarzkapppython oder den Därendäiwel, verschidde Schlaangenaarten a 24 Zorte Mamendéieren, wéi d'rout Risekänguru, d'Biergkänguru oder de Beidelmull. Donieft ginn et Gruppe vun Akazienaarten, Spinifexgras, Eukalyptusplanzen a Kasuarinegewächs.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Uluru-Kata Tjuta National Park – Biller, Videoen oder Audiodateien |