Umberto Eco

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Umberto Eco

Den Umberto Eco ass en italienesche Schrëftsteller, Semiotiker a Linguist, dee virun allem fir seng historesch Romaner a seng linguistesch a politesch Essaye bekannt ass. Hien ass Professer fir Semiotik op der Universitéit vu Bologna.

Liewenslaf[änneren | Quelltext änneren]

Den Umberto Eco kënnt de 5. Januar 1932 zu Alessandria, an der italienescher Regioun Piemont op d'Welt. Säi Papp ass Comptabel, a muss am Zweete Weltkrich fir Italien an de Krich goen. An dëser Zäit lieft de jonken Umberto mat senger Mamm Giovanna an engem klengen Duerf an de Bierger vu Piemont - eng Landschaft déi dacks a senge Romaner beschriwwe gëtt.

De Familljennumm ECO ass eng Ofkierzung fir ex caelis oblatus - vum Himmel geschenkt: dem Umberto Eco säi Grousspapp war fonnt ginn a krut kuerzerhand dësen Numm wéi e gedeeft gouf.

Den Eco huet Philosophie op der Universitéit vun Turin studéiert an huet seng Ofschlossarbecht iwwer den Thomas vun Aquin geschriwwen. Säin Doktorat an der Philosophie krut en 1954. Duerno schafft den Eco als Redakter fir d'Radiotelevisione Italiana an als Lektor op der Universitéit vun Turin bis 1964.

2003 kritt den Eco, deen e Liewe laang politesch engagéiert war, d'Légion d'honneur. Kuerz virun den italienesche Wale vun 2006, kënnegt hien un, datt hien Italie géif verloosse wann de Silvio Berlusconi nach emol géif gewannen.[Source ?]

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

Den Umberto Eco beschäftegt sech mat vill verschiddenen Themen aus der Geschicht, der Philosophie, der Linguistik an der Politik.

An der Linguistik huet hie grondleeënd Aarbechten an der Semiotik geschriww, dorënner och d'Entwécklung vun der Theorie vun der kultureller Semiotik.

Seng Romaner ginn als postmodern ugesinn, well den Eco vill Gebrauch vum Konzept vun der Intertextualitéit an Hypertextualitéit mécht: hie mécht eng Hällewull vu Referenzen op aner literaresch oder philosophesch Wierker a baut eng komplett Matrice vu kulturellem an historeschem Bewosstsinn op. Doran ass hie grad sou gutt beaflosst vun de literareschen Theoretiker vun der Postmoderne, wéi och vu modernisteschen Auteure vum Ufank vum 20. Joerhonnert, wéi den James Joyce.

Déi Onmass vu kulturellen an intellektuelle Referenzen a senge Romaner hunn dem Eco deelweis e gudden a schlechte Ruff bei de Kritiker an de Lieser ginn: et gëtt allerdéngs dacks vergiess, datt seng Romaner alleguer mat enger stabiler Dosis Humor geschriwwe sinn, an och sou gelies kënne ginn.

Literaresch Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • 1980: Den Numm vun der Rous (Il nome della rosa); en historesche Krimi an deem e louse Franziskaner probéiert, eng Serie vu Morden opzeklären, déi an engem mëttelalterléche Benediktinerklouschter geschitt sinn.
  • 1988: Dem Foucault säi Pendel (Il pendolo di Foucault); e postmoderne Roman iwwer Verschwörungstheorien deen zu Mailand an der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert spillt, a bei deem dräi Intellektueller déi gréisst vun alle Conspiratiounen opdecken.
  • 1994: D'Insel vum Dag vu virdrun (L'isola del giorno prima); e Roman deen d'Abenteuer vun engem jonken Italiener verzielt, deen am 17. Joerhonnert an der Südséi an engem Stuerm ënnergeet, a sech op e mystérieist Schëff rette kann.
  • 2000: Baudolino ; e Roman vum Enn vum Mëttelalter, deen d'Liewe vum Baudolino, engem Abenteurer, Self-made-man an adoptivem Jong vum Friedrich Barbarossa, verzielt.
  • 2004: Déi geheimnisvoll Flam vun der Kinnigin Loana (La misteriosa fiamma della regina Loana); en illustréierte Roman an deem beschriwwe gëtt, wéi e Mann deen no engem Accident all seng Erënnerunge verluer hat, probéiert, seng Amnesie ze heelen: dobäi erlieft hien op en Neits seng Kandheet am Italien während an nom 2. Weltkrich.

Ausgewielten Essayen an theoretesch Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • (1984) Semiotik a Philosophie vun der Sprooch (Semiotica e filosofia del linguaggio, 1984)
  • (1990) D'Grenze vun der Interpretatioun (I limiti dell'interpretazione)
  • (1992) Dat zweet klengt Tagebuch (Il secondo diario minimo) - eng partiell Iwwersetzung ass 1998 mam Titel "Wéi ee mat engem Saumon op d'Rees geet" an enger Rei Sproochen publizéiert ginn
  • (1997) De Kant an d'Schnieweldéier (Kant e l'ornitorinco)
  • (2002) Vun der Literatur (Sulla letteratura, 2002)