Umberto Nobile

Vu Wikipedia
Umberto Nobile
Gebuer 21. Januar 1885
Gestuerwen 30. Juli 1978
Roum
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien
Educatioun Universitéit Federico II zu Neapel
Aktivitéit Raumfaartingenieur, Politiker, Pilot
Member vun Peepstlech Akademie vun de Wëssenschaften
Famill
Liewenspartner(in) Hermine Speier

Den Umberto Nobile, gebuer den 21. Januar 1885 zu Lauro bei Neapel, a gestuerwen den 30. Juli 1978 zu Roum war en italieenesche Loftschëffpionéier.

Den Nobile ass besonnesch duerch d'Polarfahrte mat sengen zwee hallefsteife Loftschëffer berüümt ginn.

Den Nobile war un der Fabrikatioun vum Loftschëff Roma bedeelegt, dat spéider vun der italieenescher Regierung un d'USA verkaaft gouf. D'Roma gouf den 21. Februar 1922 zu Hampton, Virginia duerch en Accident an der Loft zerstéiert. 34 Membere vun der Equipage koumen dobäi ëm d'Liewen.

1926 huet den Nobile mam Loftschëff Norge zesumme mam Roald Amundsen an dem US-amerikanesche Millionär Lincoln Ellsworth den Nordpol iwwerflunn. Si waren awer net déi Éischt, well den US-Amerikaner Richard Byrd dräi Deeg virdru mat engem Fliger iwwer de Pol geflu war.

Fir en zweete Fluch iwwer den Nordpol, dës Kéier ouni den Amundsen, ass den Nobile den 23. Mee 1928 vu Spitzbergen aus mat der Italia gestart. De 25. Mee, um Wee fir zeréck, ass d'Loftschëff no bei Spitzbergen op d'Äis ofgestierzt, woubäi d'Gondel sech mat néng Mënsche u Bord vum Schëff geléist huet. Doduerch gouf d'Loftschëff nees méi liicht an ass erëm mat sechs Leit an d'Luucht gaangen, mä gouf ni méi erëmfonnt.

Doropshi gouf eng international Sichaktioun organiséiert, un där sech den Amundsen bedeelegt huet. Zanterhier ass den Amundsen vermësst. Den Nobile, dee sech e puer Schanke gebrach hat, gouf vun engem schweedesche Pilot gerett, déi aner Leit aus der Ekipp goufen den 12. Juli vum sowjeteschen Äisbriecher Krassin a Sécherheet bruecht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Umberto Nobile – Biller, Videoen oder Audiodateien