Un honnête commerçant

Vu Wikipedia
Un honnête commerçant
Film
Produktiounsland Belsch
Lëtzebuerg
Première 11. September 2002 (BE)
Dauer 86 min
  Fujicolor
Originalsprooch Franséisch
Ekipp
Regie Philippe Blasband
Dréibuch Philippe Blasband
Fotografie Virginie Saint-Martin
Musek Daan Stuyven
Schnëtt Ewin Ryckaert
Produzent Olivier Rausin
Produktiouns-
gesellschaft
Artémis Productions
Samsa Film
RTBF
Schauspiller
Philippe Noiret als Louis Chevalier
Benoît Verhaert als Hubert Verkamen
Yolande Moreau als Chantal Bex
Frédéric Bodson als Jean Denoote
Serge Larivière als Patrice Mercier
Patrick Hastert als Raoul
Alain Holtgen
Hervé Sogne
Jani Thiltges
Frédéric Fonteyne
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Un honnête commerçant ass e Kriminalfilm a Thriller vum belsche Filmregisseur an Dréibuchauteur Philippe Blasband aus dem Joer 2002.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Schauspiller Philippe Noiret wärend den Dréiaarbechte vum Film

D'Police verhéiert den Hubert Verkamen, deen am Verdacht steet seng Famill ëmbruecht ze hunn. Hie probéiert zwar sech als en éierleche Geschäftsmann ze presentéieren, mä d'Poliziste wëssen, datt hien e geféierlechen Drogenhändler ass. Well si hien ni ze pake kruten, si se frou, e Grond ze hunn, fir hien ze verhaften a probéiere mat alle Mëttelen, fir hien un d'Schwätzen ze kréien.

Filmproduktioun an -distributioun[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Produktioun vum Film krut Samsa Film 2001 e Subside an Héicht vun 10 Millioune Lëtzebuerger Frang, respektiv 247.893,52 Euro, vum Lëtzebuerger Filmfong.[1]

Den engleschen Titel vum Film as Step by Step.

De Film gouf op enger Rei Filmfestivalle gewisen, dorënner 2002 zu Montréal an um Filmfestival vu Venedeg, an 2003 zu Rouen, zu Cognac an am tschechesche Zlín , wou en de Präis als beschten europäesche Film krut.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  1. Rapport Annuel 2001 vum Lëtzebuerger Filmfong, Säit 2