Union Grand-Duc Adolphe

Vu Wikipedia

D'Union grand-duc Adolphe, kuerz UGDA, ass e Veräin ouni Gewënnzweck deen als Daachverband vun de Museken, Chorallen, Folklore- an Theater-Ensembele vu Lëtzebuerg fungéiert.[1] De Veräin dréit de franséischen Ënnertitel "Fédération nationale du mouvement associatif de la musique chorale et instrumentale, du folklore et du théâtre du grand-duché de Luxembourg".[2]

D'UGDA gouf als Établissement d'utilité publique duerch e Gesetz vum 1.Juni 1989 unerkannt.[3]

Ënnerorganisatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Grënnung vum Verband léisst sech op d'Joer 1863 zeréckféieren: de 6. September vun deem Joer hu sech 26 Gesellschafte ënner dem Numm Allgemeiner Luxemburger Musikverein (ALM) federéiert.[4] Matgrënner vun der UGDA war de Laurent Menager. De Prënz Henri vun Oranien-Nassau huet d'Éierepresidentschaft iwwerholl, President gouf den Auguste Fischer, Gierwereibesëtzer am Gronn, Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg an Deputéierten, an éischten Direkter gouf den Neierbuerger Johann Anton Zinnen, Komponist vun der Nationalhymn Heemecht.

Am Joer 1890 funktionéiert d'Federatioun net méi. 1891 koum et den 30. Mäerz zu enger Neigrënnung, wéi sech 116 Gesellschaften am Hôtel de Luxembourg an der Stad treffe fir de Verband ze reforméieren an ënner dem Numm Adolph-Verband nei op d'Schinn ze setzen. Éischte President gouf de Schmelzbesëtzer Léon Metz, Buergermeeschter vun Esch-Uelzecht an Deputéierten. Musikaleschen Direkter gouf de Philippe Manternach a Gesanksdirekter de Laurent Menager. Den nei gegrënnte Verband stoung ënner dem Protektorat vum Groussherzog Adolphe vu Lëtzebuerg. An de Joren duerno sollt dee jeeweilege Monarch d'Protektorat hunn.

1919 gouf de Veräin an Union Adolphe (U.A.) ëmgenannt. 1947 krut de Veräin du säin haitegen Numm: Union grand-duc-Adolphe (UGDA). 1956 huet d'UGDA hiren éischte permanent besate Büro op der Plëss opgemaach. 1969 ass d'UGDA an dat fréiert Van-der-Vekene-Haus an de Stadgronn geplënnert. 2007 gouf schlussendlech de Sëtz vun der Federatioun op Stroossen verluecht[5]

Entwécklung vun der Zuel vun de Memberveräiner[änneren | Quelltext änneren]

Joer Zuel Memberveräiner
1863 26
1891 116
1946 174
1993 316
2004 340
2013 329

Am Joer 2013 hat d'UGDA 329 Memberveräiner mat 14.732 Societairen. A 60 Gemengen oder Gemengesyndikater hält se Musekscourse fir 4.861 Schüler.

Presidente vun der UGDA[änneren | Quelltext änneren]

Musikalesch Direktere vun der UGDA[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. déi lescht Statuten am Mémorial Nr. 989: 47467-47471 vum 11.5.2010.
  2. Virdru war de franséischen Numm méi kuerz: "Fédération nationale de musique du grand-duché de Luxembourg". Cf. Mémorial Nr. 170: 8114-8115 vum 4.4.1996.
  3. Gesetz vum 1. Juni 1989 Gearchiveerd op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2014-06-18.
  4. Quell: Union grand-duc Adolphe / Verbandsgeschichte. Cf. Pdf
  5. Haiteg Adress: 3, route d'Arlon. L-8009 Strassen