United States Intelligence Community

Vu Wikipedia
Wope vun der IC

D'United States Intelligence Community, ofgekierzt IC, ass de kollektive Begrëff fir 16 eenzel Noriichtendéngschter vun de Vereenegte Staaten.

Den deemolege President Ronald Reagan huet dës Intelligence Community de 4. Dezember 1981 duerch d'Executive Order 12333 geschaf, well an den USA déi eenzel Geheimdéngschtorganisatiounen immens zerspläitert sinn (2010 hunn 1271 Regierungsorganisatiounen an 1931 Privatfirme mat am Ganzen 854.000 Leit an deem Secteur geschafft). Hien huet hir Koordinatioun enger eegestänneger Administratioun ënnerstallt huet, der Office of the Director of National Intelligence, déi zanter 2010 selwer och zur IC derbäigezielt gëtt. Si gëtt zanter 2004 duerch den Director of National Intelligence geleet. Sëtz vum Koordinatiounsdéngscht ass Washington D.C..

Déi 16 Noriichtendéngschter schaffe souwuel selbststänneg wéi och zesumme bei Opklärungsaktivitéite am Kader vun den internationale Bezéiungen an dem Schutz vun der Staatssécherheet vun den USA. Si sammelen a beschafe sech am In- an Ausland Informatiounen, contribuéieren zu militäresche Planungen, a bedreiwe Spionage.

IC Memberen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: United States Intelligence Community – Biller, Videoen oder Audiodateien