Université catholique de Louvain

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Université catholique de Louvain, kuerz: UCL, ass eng franséischsproocheg Universitéit an der Belsch.

Si gouf gegrënnt, nodeem am September 1968 d'Kathoulesch Universitéit Léiwen an der Folleg vun der sougenannter Walen buiten-Krisis 1968 gedeelt gouf. Zu Léiwen ass déi reng flämeschsproocheg Universitéit iwwregbliwwen, an déi franséischsproocheg Enseignementer hu sech en neit Doheem misse sichen. Sou gouf decidéiert, op der grénger Wiss net nëmmen e Campus fir eng nei Universitéit ze bauen, mä och déi nei Uertschaft Louvain-la-Neuve, déi lo rondrëm läit an eng Sektioun vun der Gemeng Ottignies-Louvain-la-Neuve ass. Fir d'Rentrée am Oktober 1972 konnten déi éischt Studenten zu Louvain-la-Neuve, dat deemools nach e grousse Schantje war, an d'Gebaier anzéien.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi haiteg Universitéit vu Léiwen huet nëmme sentimental eppes mat där Universitéit ze dinn, déi den 9. Dezember 1425 vum deemolegen Herzog Jang IV. vu Brabant, vun der Stad Léiwen a vum Poopst Martin V. gegrënnt gi war, an am 18. Jh. vum Jousef II. vun Éisträich opgeléist gouf. D'Kathoulesch Universitéit vu Léiwen geet nämlech op d'Kathoulesch Universitéit vu Mechelen zréck, déi eréischt 1834 vun de belsche Bëscheef geschafe gouf, a schonn e Joer duerno op Léiwen transferéiert gouf.

Tëscht 1817, am Kader vum neigeschafene vereenegte Kinnekräich vun den Nidderlanden, ënner dem Kinnek-Groussherzog Wëllem I., war nämlech zu Léiwen eng staatlech Universitéit gegrënnt ginn (grad wéi och zu Gent an zu Léck), mä déi Anstalt war 1835, also kuerz no der Belscher Revolutioun, scho rëm ofgeschaf ginn. Sou konnt d'Kathoulesch Universitéit datselwecht Joer nach vu Mechelen op Léiwe plënneren a sech do an den eidele Gebaier installéieren.

Wéi och ëmmer, d'Stad Léiwen, am Flämesche Brabant, huet nun emol mat dräi Universitéiten, déi der Rei no op hirem Gebitt bestanen hunn, eng räich universitär Vergaangenheet, an déi béid kathoulesch Universitéiten vun haut, zu Léiwen an zu Louvain-la-Neuve, knäppe gären un d'Traditioune vun där Uni un, déi ë. a. den Erasmus vu Rotterdam gesinn huet.

Fakultéiten[änneren | Quelltext änneren]

D'Uni zu Louvain-la-Neuve ass an 10 Fakultéiten agedeelt:

D'Medezin ass déi eenzeg Fakultéit déi net zu Louvain selwer ass. Si gëtt, wéinst hirer Lag zu Woluwe-Saint-Lambert, an der Haaptstadregioun Bréissel, "Louvain-en-Woluwé" genannt.

Lëtzebuerger Studenten zu Louvain-la-Neuve[änneren | Quelltext änneren]

Zanter dem 18. Februar 1880 sinn d'Lëtzebuerger Studenten an engem Cercle, der Grand-Ducale, vereenegt. En zielt och zu de regionalen Cercle vu Louvain, well et awer déi eenzeg auslännesch Regionale ass, bezeechent se sech selwer als la plus étrangère des régionales.

24 Stonnen vu Louvain[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 1976 ginn zu Louvain d'24 Stonnen organiséiert. Dat ass eng Vëloscourse, déi duerch d'ganz Stad geet an, normalerweis mëttwochs, géint der Mëtteg ufänkt an den Dag drop ëm déiselwecht Zäit ophält.

Fir d'Course selwer gëtt et 3 Kategorien:

  • D'Course
  • D'Humanitär Course
  • D'Folklores-Course: wahrscheinlech déi, déi am meeschte Succès huet. Sämtlech Interesséiert kënnen e Gefier bauen, soulaang et mat Pedallen ugedriwwe gëtt.

D'Organisateure si Studenten. D'Haaptleit sinn d'Studente vum CSE Animatioun déi awer op all déi aner Studentenorganisatiounen ziele kënnen. Si ginn och zum Deel vun der Uni ënnerstëtzt.

Fir déi Kleng gi mëttes och e puer Aktivitéiten ofgehalen. Dozou gehéieren d'240 Minutten iwwer e verklengerte Parcours an de Village des enfants.

No e puer gréisseren Tëschefäll an der Vergaangenheet, bedéngt duerch ënner anerem en iwwerdriwwenen Alkoholkonsum, gëtt d'Sécherheet haut grouss geschriwwen. D'Police, d'Pompjeën an d'Croix-Rouge gi vu Studenten ënnerstëtzt. Sou fuere Guidë mat den Ambulanze mat fir de Wee ze weisen, a Stadiere ginn duerch d'Stad fir d'Leit z'informéieren an am Noutfall Hëllef erbäi ze ruffen.

D'24 Stonne sinn e gutt Beispill vun de kulturellen Aktivitéiten zu Louvain a gehéieren zum Liewen an der Stad.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Université catholique Louvain-la-Neuve – Biller, Videoen oder Audiodateien