Universitéit Franeker

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Stéch „De Academia van Vrieslant“ aus Winsemius, Chronique van Frieslant, Franeker 1622

D'Universitéit Franeker (lat. Academiae Franekerensis) war eng hollännesch Universitéit zu Franeker an der Provinz Friesland. Si bestong vun 1585 bis 1811. No der Universitéit Leiden war si déi zweeteelst Universitéit an Holland.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Universitéit Franeker gouf de 15. Juli 1585 vun der friesescher Provinzregierung, de Provinzstaaten, gegrënnt, fir reforméiert Priedeger an Beamte fir den neie Staat auszebilden. D'Wal war op Franeker gefall, well do fréier Klouschtergebai zur Dispositioun stoungen an d'Stad während dem Krich géint Spuenien méi sécher war wéi d'friesesch Haaptstad Leeuwarden.

D'Universitéit gouf aus agezunnenem Kierchebesëtz finanzéiert a krut als Opsiicht véier Kuratoren, déi vun de Provinzstaaten ernannt goufen. Déi reforméiert Kierch hat keen direkten Afloss.

Während dem Gëllenen Zäitalter am 17. Joerhonnert erlieft d'Universitéit eng grouss Zäit. Si gouf vu villen auslännesche Studenten besicht, déi zäitweis d'Hallschent vun de Studenten ausgemaach haten. Si koumen virun allem aus reforméierte Gebidder aus Däitschland an Ungarn. Am 18. Joerhonnert hat d'Bedeitung vun der Universitéit ofgeholl an hat nëmmen nach regional Bedeitung. Wou Holland an dat Franséischt Keeserräich eingegliddert gouf, bloufen nëmmen dräi Universitéiten (Leiden, Utrecht an Groningen) erhalten. D'Universitéit Franeker gouf zougemaach.

Vun 1813 bis 1843 bestong si nach als Akademie ouni Universitéitsstatus weider. An Däitschland bestong mat der Héijer Schoul Herborn eng vergläichbar calvinistesch Bildungsariichtung, zu där och e grousse Kontakt bestong.

Bekannt Professeren a Studenten[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jacob van Sluis: University of Franeker. In: Wiep van Bunge (Hrsg.): The dictionary of seventeenth and eighteenth-century Dutch philosophers. Vol. 1: A–J, Thoemmes Press, Bristol 2003, S. 314–317.
  • Willem Roelf Henderikus Koops: Academisch onderwijs in Franeker en Groningen, 1585–1843, ijver en wedijver. Universiteitsmuseum, Groningen 1985.
  • G. Th. Jensma und F. R. H. Smit (Hrsg.): Universiteit te Franeker, 1585–1811. Bijdraagen tot de geschiedenis van de Friese Hogeschool. Fryske Akademy, Leeuwarden 1985.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]