Universitéit Groningen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Haaptgebai vun der Universitéit Groningen
Donald Smits Zentrum (2005)
Zernikekomplex

D'Universitéit Groningen (hollännesch: Rijksuniversiteit Groningen), kuerz RUG, ass eng vun den eelsten Universitéiten an Holland. Si gouf den 23. August 1614 vum Ubbo Emmius zu Groningen gegrënnt. Bis 1876 war d'Unterrichtssprooch Latäin.

Haut si méi wéi 20.000 Studenten op der Universitéit a Bachelor- a Masterstudiegäng vun 9 Fakultéiten ageschriwwen, weider 775 Studente schaffen op eng Promotioun hin. All Joer verloosse ronn 2.500 Studenten d'Universitéit mat engem akademeschen Ofschloss. D'Universitéit Groningen ass domat no den Universitéiten zu Amsterdam an Utrecht déi drëttgréisst Universitéit an Holland. D'Universitéitsbibliothek Groningen ass no der Universitéitsbibliothek Leiden déi zweetgréisst Universitéitsbibliothek an Holland.

D'Universitéit gouf 2007 vum Zentrum fir Héichschoulentwécklung zu der sougenannter Excellence Group vun de 56 beschten Universitéiten an Europa gezielt.[1] Mat engleschsproochege Studiegäng[2] an 61% auslänneschen Doktoranden (den héchste Prozentsaz vun allen Universitéite vun der Excellence Group) huet d'Universitéit Groningen e vergläichweis héijen Internationaliséierungsgrad.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Zuelen 2009

  • 26.643 Studenten
  • 6.213 Éischtsemester
  • 4.897 ETP-Beschäftegt (inkl. UMCG)
  • 413 Professeren (inkl. UMCG)
  • 1.500 PhD (inkl. UMCG)
  • 58 Bachelorstudiegäng, 114 Masterstudiegäng
  • 73 engleschsproocheg Masterstudiegäng, wouvun zéng Double Degree-Programmer a siwen Erasmus-Mundus-Programmer
  • 8 engleschsproocheg Bachelorstudiegäng
  • 16 Fuerschungs-Masterstudiegäng
  • 9 Fakultéiten, 9 Graduate Schools
  • 550.000.000 Euro Ëmsaz [3]

[änneren] Berühmt Absolventen (Auswiel)

[änneren] Politiker

[änneren] Wëssenschaftler

[änneren] aner

  • Prënz Bernhard jr., Wirtschaft, Absolvent 1995
  • Prënz Maurits, Wirtschaft, Absolvent 1995
  • Prinzessin Marilène, Betribswirtschaft, 1994

[änneren] Um Spaweck

Commons: Universitéit Groningen – Biller, Videoen oder Audiodateien

[änneren] Referenzen

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen