Universitéit vu Léck
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Universitéit vu Léck gouf vum hollännesche Kinnek Wëllem I. an d'Liewe geruff, an huet sech op der Plaz vum fréiere Jesuiteklouschter vu Léck am Joer 1817 installéiert.
Op der Plaz wou d'Kierch stoung huet den Architekt J.N. Chevron e groussen akademesche Sall gebaut, mat virdrun engem Portique mat Säilen. De Bau huet vun 1821 bis 1824 gedauert. Bei der Aweiung 1886 gouf anengems eng Statu vum Geolog André Dumont mat ageweit.
Wéi am Joer 1892 d'Universitéit vergréissert gouf, hunn déi nei Gebaier, déi al zur Stroossesäit hi verstoppt.
Um Spaweck[änneren]
| Commons: Universitéit vu Léck – Biller, Videoen oder Audiodateien |