University of Abertay Dundee

Vu Wikipedia
University of Abertay Dundee
Abertay University
Typ Universitéit
Land Vereenegt Kinnekräich
Gegrënnt 1888
Um Spaweck http://www.abertay.ac.uk/

D'University of Abertay Dundee, besser bekannt als Abertay University, ass eng sougenannt New University zu Dundee a Schottland.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'University of Abertay Dundee gouf 1994 gegrënnt wéi den Dundee Institute of Technology, mat engem Regierungsdekret, den Titel an de Statut vun enger Universitéit krut. Den Institut, dee sech haaptsächlech dorëm gekëmmert huet fir der Aarbechterklass vun Dundee en Accès zur Educatioun ze ginn, gouf 1888 ënner dem Numm Dundee College of Technology gegrënnt.

Akadeemesche Profil[änneren | Quelltext änneren]

D'Abertay University läit am Zentrum vun Dundee. Et war déi éischt Universitéit weltwäit déi 1997 e Cours a Computerspill-Entwécklung ugebueden huet. Bis haut ass d'Universitéit eng vun deene Beschten an där Branche bliwwen.

Den Centre for Excellence ass vu Skillset accreditéiert an huet staark Relatioune mat Partner an de Medien, wéi BBC Scotland, BBC New media, BBC vision, BSkyB, Channel 4, Electronic Arts, Codemasters, Blitz, Rare, Sony Entertainment Europe, Microsoft an Disney Interactive.

D'Universitéit ka mat den eetheschen Hackercourse grouss Fortschrëtter an der Recherche vu Computer- an Internetsécherheet noweisen.

D'Resultater vum leschte 'Research Assessment Exercise' (RAE 2008) weisen datt d'Abertay University déi bescht modern schottesch Universitéit an de Beräicher vun der Ëmwelt-Recherche, dem Droit an der Psychologie ass.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: University of Abertay Dundee – Biller, Videoen oder Audiodateien