Uranometria

Vu Wikipedia
Titelsäit vun der Uranometria
D'Stärebild Orion aus dem Johannes Bayer senger Uranometria

D'Uranometria ass en Himmelsatlas, deen am Joer 1603 publizéiert gouf. Dat Wierk gouf vum däitsche Jurist an Astronom Johannes Bayer zesummegestallt. Den Himmelsatlas ass déi éischt genee Stärekaart mat de Stäre vun den zwou Hemisphären. Well d'Teleskop nach net erfonnt war, stinn am Atlas nëmme Stären, déi mat bloussem A ze gesi sinn.

An der Uranometria féiert de Bayer e System fir d'Bezeechnung vun de Stäre mat griicheschen a laténgesche Buschtawen an, déi haut nach gebraucht ginn (Bayer-Bezeechnung).

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Scho virum 17. Joerhonnert ware Versich ënnerholl ginn, Stärekaarten ze zeechnen, si waren awer duerch onverléisslech Daten, net genee.

De Johann Bayer huet sech op vill Quellen gestäipt. Déi eelst war den Almagest vum Ptolemäus. Donieft hat hien Opzeechnunge vum däneschen Astronom Tycho Brahe, deen iwwer Joren ewech genee Stärepositiounen um nërdlechen Himmel bestëmmt hat. Dem Brahe säi Stärekatalog gouf eréischt am Joer 1602 an Drockform erausginn, virdru waren awer handschrëftlech Exemplaren am Ëmlaf, vun deenen de Bayer offensichtlech eent hat.

Donieft huet och de Bayer eegen Observatioune gemaach. Fir de südleche Stärenhimmel huet hien d'Opzeechnunge vun den hollännesche Séifuerer Pieter Dirkszoon Keyser a Frederick de Houtman souwéi vum Spuenier Pedro de Medina benotzt.

Déi éischt Editioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Wierk ass 1603 zu Augsburg fir déi éischt Kéier erauskomm a war dem Stadrot gewidmet. Dat huet dem Bayer eng Unerkennung vun 150 Gulden abruecht.

De vollstännege laténgeschen Titel war Uranometria: omnium asterismorum continens schemata, nova methodo delineata, aereis laminis expressa. (iwwersat ass dat: „Uranometria: Enthält Kaarte vun alle Stärebiller, gezeechent no enger neiaarteger Method, a Kofferplacken agravéiert“). Dobäi bedeit „Uranometria“ souvill wéi „Himmelsvermiessung“. De Begrëff bezitt sech op Urania, d'Muse vun der Astronomie resp. dat griichesch uranos (oυρανός) als Bezeechnung fir den Himmel an dat griichescht Metrik fir Vermiessung.

D'Titelsäit weist en architektonescht Motiv mat dem vollstännegen Titel an der Mëtt. Lénks a riets dovu sinn zwou Statue vum Atlas a vum Herkules. Déi jeeweileg Ënnerschrëften heeschen Atlanti uetustiss astronom magistro („Atlas, den éischte Léiermeeschter vun der Astronomie“) an Herculi uetustiss astronom discipulo („Herkules, den éischte Schüler vun der Astronomie“). Doriwwer si Figure vum Apollo, der Diana an der Éiwegkeet (eng Fraegestalt mat enger Kroun aus Stären) duergestallt. Ënner dem Titel sinn e Steebock an eng Usiicht vun Augsburg.

D'Uranometria ëmfaasst 51 Stärekaarten. Déi éischt 48 Säite stellen déi klassesch Stärebiller duer, déi vum Ptolemäus scho genannt goufen. Déi 49. weist den Himmel vun de südleche Breede mat den 12 neie Stärebiller. Déi lescht zwou Säite si Planisphäre vum Nord- a Südhimmel mat dem Titel Synopsis coeli superioris borea an Synopsis coeli inferioris austrina (iwwersat: „Iwwerbléck iwwer den nërdlechen a südlechen Himmel“). All Stärekaart huet e Gradnetz fir d'Bestëmmung vun de Stärepositiounen.

D'Stärebiller nom Bayer[änneren | Quelltext änneren]

Déi zwielef nei Stärebiller vum Südhimmel déi hien iwwerholl huet sinn: Apus, Tucana, Grus, Phoenix, Dorado (fréier och Goldfësch), üiscis Austrinus, Hydrus, Chamaeleon, Musca, Triangulum Australe, Indus an Pavo. Déi Stärebiller waren, deels ënner aneren Nimm, 1598 eng éischt Kéier op engem Himmelsglobus vum Petrus Plancius erauskomm.

All d'Stärebiller huet de Bayer mat fantasievollen Duerstellunge vu mythologesche Gestalten an Déiere verschéinert. D'Kofferstéch hat den Alexander Mair gemaach. D'Virbiller ware méiglecherweis Biller vum Hollänner Jacob de Gheyn, déi 1600 am Wierk Syntagma Arateorum zu Leiden publizéiert goufen.

Uranometria haut[änneren | Quelltext änneren]

Haut bezeechent den Numm Uranometria, zesumme mat der astronomescher Epoch, ee bei Amateurastronome beléifte gedréckte Stärenatlas vun Tirion, Rappaport a Lovi (Bd. 1-2) resp. Cragy, Lucyk an Rappaport (Bd. 3). Déi aktuell zweet Oplo vun der Uranometria 2000.0 vum Tirion, Rappaport a Remaklus[1] baséiert um Hipparcos/Tycho-Katalog, an huet ronn 300.000 Stäre bis zur Gréissteklass 9,75 an 30.000 Deep-Sky-Objeten.

D'Wierk ass an 3 Bänn erauskomm:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Uranometria – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.willbell.com/u2k/index.htm Uranometria 2000.0, All Sky Edition