Urbain Le Verrier

Vu Wikipedia
Urbain Le Verrier
Gebuer 11. Mäerz 1811
Saint-Lô
Gestuerwen 23. September 1877
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Lycée Louis-le-Grand,
École polytechnique
Aktivitéit Astronom, Mathematiker, Politiker, Meteorolog, Schrëftsteller
Member vun Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Académie des sciences, Royal Society, American Academy of Arts and Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Accademia Nazionale delle Scienze, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Accademia delle Scienze di Torino

Den Urbain Jean Joseph Le Verrier, gebuer den 11. Mäerz 1811 zu Saint-Lô, a gestuerwen den 23. September 1877 zu Paräis war e franséische Mathematiker an Astronom. Hien huet e groussen Deel vu sengem Liewen am Observatoire vu Paräis geschafft.

De Le Verrier war Student am Collège Louis le Grand an huet vun 1831 un op der École polytechnique geléiert.

Säi gréissten Erfolleg war d'Berechnung vun der Planéitebunn vum Neptun. Hien huet duerch Beobachtunge vun den Ëmlafstéierunge vum Uranus, d'Neptunbunn erausfonnt. Am September 1846 huet den däitschen Astronom Johann Gottfried Galle de Planéit ee Bougrad ewech vun der Positioun déi de Le Verrier virausgesot hat entdeckt (no nëmmen enger hallwer Stonn um Okular vu sengem Teleskop am Observatoire zu Berlin).

Spéider huet de Le Verrier versicht, well hie Bunnstéierunge beim Merkur festgestallt hat, mat der selwechter Method d'Existenz vun engem Planéit bannent der Merkurbunn ze fannen. Hie gouf deem Planéit den Numm Vulkan. Astronomen uechter d'Welt hunn doropshi versicht, dee Planéit ze fannen, awer ouni Erfolleg. Am Joer 1915 huet den Albert Einstein mat der allgemenger Relativitéitstheorie bewisen, datt sech d'Bunnstéierungen eleng duerch d'Gravitatiounsfeld vun der Sonn erkläre loossen.

De Le Verrier ass mat sengem Numm ënner den 72 Nimm um Eiffeltuerm veréiwegt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • William Sheehan, Nicholas Kollerstrom, Craig B. Waff: Die Neptun-Affäre. Spektrum der Wissenschaft, April 2005, S. 82–88 (2005), ISSN 170-2971

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Urbain Le Verrier – Biller, Videoen oder Audiodateien