Ursa-Major-Grupp
| Date vun der Ursa-Major-Grupp (Bewegungskoup) | |
|---|---|
| Däitschen Numm | Großer Wagen Gruppe |
| Engleschen Numm | Ursa Major Moving Cluster, Big Dipper |
| Katalogbezeechnung | Cr 285 |
| Rektaszensioun | 12h 25m |
| Deklinatioun | +56° |
| Equinoxe | 2000.0 |
| Visuell Magnitude | 0,4m |
| Distanz | 75 Liichtjoer |
| Wénkelduerchmiesser | 20 Grad |
| Absoluten Duerchmiesser | 30 Liichtjoer |
| Alter | ? 10? Joer |
| Hellste Stär | ε UMa 1,8m |
| Verännerlech Stäre | ? |
| Zuel Stäre | ? |
| Stärebild | Ursa Major (UMa) |
D'Ursa-Major-Grupp ass dee gréissten an hellsten Oppene Stärekoup um Nuetshimmel. Si besteet aus bal allen helle Stäre vum Stärebild Ursa Major an huet bis op den Dubhe (α UMa) an de Benetnasch (η UMa) all Stäre vum Ursa Major souwéi weider Stären a senger Ëmgéigend.
D'Gréisst vun der Grupp huet 20°, bei enger mëttlerer Distanz vu 75 Liichtjoer also ongeféier 30 Liichtjoer. Hiren hellste Stär ass den Alioth (ε UMa) mat enger Hellegkeet vun 1,77 mag, d'Totalhellegkeet vum Koup ass (je no Definitioun) op mannst 0,4 mag.
Den opfällege Stärenzuch vum Koup ass als Asterismus zënter Joerdausende bekannt. Wéi aner Stärekéip, déi wéinst hirer Noegkeet e grousse Wénkelduerchmiesser hunn (z. B. d'Hyaden an d'Coma Berenices), gouf hien awer net an de Standard-Kataloge Messier, NGC oder IC opgeholl. Eréischt de Per Collinder huet hien am Joer 1931 a säi Katalog mat oppene Stärekéip ënnert der Bezeechnung Collinder 285 opgeholl.
Inhaltsverzeechnes |
Bewegungskoup Ursa-Major-Stroum („Bierestroum“) [änneren]
D'Ursa-Major-Grupp ass e sougenannte Bewegungskoup, d.h. d'Stären hunn eng ähnlech Eegebewegung vu ronn 14 km/s mat engem Vertex (Zilpunkt) beim Stärebild Sagittarius, relativ zur Sonn sinn et zirka 29 km/s. Iwwer déi parallel Bewegung goufen och iwwer 150 aner Stäre, déi um Himmel méi wäit ewech erschéngen, als Deel vun dëser Grupp identifizéiert; déi hellste vun hinne sinn Sirius (α CMa), Menkalinan (β Aur), Gemma (α CBr), Delta Aquarii (δ Aqr, Skat) an Beta Serpentis (β Ser). Fir d'Ënnerscheedung vum Stärebild Ursa Major nennt nennt een d’Grupp vun all dëser physikalesch zesummegehéierende Stären och Ursa-Major-Stroum oder Bierestroum, an d'Ursa-Major-Grupp mécht, als säin dichtesten Deel, d'Zentrum vun dësem Stroum.
Eist Sonnesystem steet um Randberäich vun dësem Stroum, wéi een doraus gesäit, datt de Sirius (bzw. Skat) an de grousse Won (Ursa Major) sech um Nuetshimmel bal diametral (130-140°) géigeniwwer leien. Eis Sonn ass net Deel vum Ursa-Major-Stroum, si beweegt sech an eng aner Richtung.
Gruppemember [änneren]
Kärstäre (Ursa Major an Ëmgéigend):
- 37 UMa
- Merak (Beta UMa)
- Phekda (Gamma UMa)
- Megrez (Delta UMa)
- HD 109011
- HD 109647
- HD 110463
- Alioth (Epsilon UMa)
- 78 UMa
- Gliese 503.2 (HD 115043)
- Mizar (Zeta UMa)
- Alkor (80 UMa)
Weider Stroumstären (alphabetesch no Stärebiller):
- Delta Aquarii (Skat)
- Menkalinan (Beta Aur)
- Zeta Boo
- 18 Boo
- Sirius (Alpha CMa)
- Chi Ceti
- ζ Crateris
- 29 Com
- α Coronae Borealis
- 59 Dra
- 21 LMi
- Gamma Lep
- 16 Lyr
- Gamma Mic
- Chi1 Ori
- 89 Psc
- Beta Ser
- Tau Ser
- Omega Ser
- 6 Sex
- 66 Tau
- Zeta TrA
- Pi1 UMa
- 41 Vir
Quellen a Literatur [änneren]
- J.Bennett, M.Donahue, N.Schneider, M.Voith: Astronomie, Hsg.Harald Lesch, 5.Auflage (1170 S.), Pearson-Studienverlag, München-Boston-Harlow-Sydney-Madrid 2010
- H.Zimmermann, A.Weigert: Lexikon der Astronomie, Spektrum Akadem.Verlag, Heidelberg-Berlin.