Ursiden

Vu Wikipedia
Ursiden
Aktivitéitszäitraum 17. - 26. Dezember
Aktivitéitsmaximum 22. Dezember
Radiantpositioun
vum Maximum
RA: 14h 28m
DE: +76°
ZHR 10
Populatiounsindex 3,0
geozentresch Vitess 33 km/s
D'Stärebild Ursa Minor, de Stär Kochab ass de Punkt Beta

D'Urside sinn e Meteorstroum, deen an der leschter Dezemberdekad z'observéieren ass. De Mammekierper vun dësem Meteorstroum ass de Koméit 8P/Tuttle. Säi Radiant läit am Stärebild Ursa Minor beim Stär Kochab. De Radiant ass zirkumpolar. D'Ursiden hunn eng ZHR vun 10 Meteore pro Stonn. Et goufen awer och scho vereenzelt méi héich Zuelen observéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Urside goufen ëm 1900 vum William Frederick Denning‎ entdeckt. Si goufen awer laang Zäit net beuecht. Den 22. Dezember 1945 hunn tschechesch Astronomen duerch Zoufall e kräftegen Ausbroch vun der Meteorschauer observéiert, déi eng ZHR vun iwwer 100 erreecht hat. An de follgende Jore goufen d'Urside systematesch ënnersicht. Déi observéiert Meteorzuelen waren awer verglach mat 1945 ëmmer manner. Dofir war d'Interessi un dëser Meteorschauer bal nees ewech. Eréischt am Ufank vun de 70er-Jore waren nees bei neien Ënnersich, déi vu britteschen Amateurastronome gemaach goufen, eng kleng ZHR festgestallt ginn. Duerch Radioobservatioune gouf awer an den Dagstonne vum 22. Dezember 1973 e kuerzen Ausbroch mat enger ZHR vu ronn 30 nogewisen. Vergläichbar staark waren d'Ursiden den 22. Dezember 1979 opgetrueden. E weideren Ursiden-Ausbroch mat ZHR bis zu 100 gouf den 22. Dezember 1986 observéiert.

Zanter laangem war bekannt, datt et sech beim 8P/Tuttle ëm den Urspronkkoméit vun den Ursiden handele géif. D'Ëmlafszäit vun dësem Schwäifstär ass 13,5 Joer. Interessanterweis sinn déi observéiert Ausbréch vun den Ursiden an de Joren 1945, 1973 an 1986 net mam Sonneperihel, mä mam Sonnenaphel vum Koméit zesummegefall. De Peter Jenniskens an den Esko Lyytinen hunn e Modell entwéckelt, dat dësen ongewéinleche Phenomeen ë. a. duerch d'Gravitatiounswierkung vum Planéit Jupiter erkläert huet. Déi selwecht Auteure sote fir den 22. Dezember 2000 – de Sonnenaphel vum Koméit – en neien Ausbroch vun den Ursiden viraus. D'Observeuren hate sech op d'Lauer geluecht, awer d'Resultater ware widerspréchlech. Virun allem Videoen a Radioechoen hunn op verstäerkt Meteor-Aktivitéit higedeit, awer et blouwen Zweiwel un der dobäi gebrauchter Methodik. Visuell Observatiounen hunn nëmmen niddreg Ursidequote registréiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]