Utopia Group

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Utopia Group SA ass eng lëtzebuergesch Société anonyme, déi haaptsächlech an de Benelux-Länner 16 Kinoskomplexer mat am Ganzen enger 100 Säll bedreift. Si ass 2002 aus der Fusioun vun der Utopia SA a Polyfilm BV entstanen.

Inhaltsverzeechnes

Geschicht[änneren]

D'Urspréng leie bei engem Grappvoll filmbegeeschterte Leit, déi an der Stad e Cinéclub gegrënnt hunn: de Cinéclub 70, spéider Cinéclub 80. E puer Joer laang hu si hir Filmer am Vox op der Theaterplaz gewisen, mä dee Sall ass ëmmer méi fir d'Cinémathéik gebraucht ginn. Dofir hu si um Lampertsbierg eng Lagerhal gelount, an do e Kinossall dran installéiert, deen se Utopia genannt hunn. E puer Joer drop koum en zweete Sall derbäi. Wéi Enn vun den 1980er Joren op der Gare gläich 4 Kinossäll (Europe 1 an 2, Eldorado 1 and 2) mateneen zougemaach hunn, hunn d'Leit vum Utopia decidéiert, sech ze professionaliséieren. Si hu sech an enger S.à r.l. zesummegeschloss, der Utopia S.à r.l., an hunn déi 2 Säll mat 3 neien zu engem Artplex-Kino ausgebaut.

Mëtt vun den 1990er Joren huet sech de Projet konkretiséiert, um Kierchbierg, zesumme mat aneren Investisseuren, e Multiplex-Kino ze bauen: den Utopolis. Dofir ass d'S.à r.l. an eng Société anonyme emgeännert ginn. Den Utopolis huet am Dezember 1996 seng Dieren opgemaach.

1999 huet Utopia d'Cinecity Kinoen an der Belsch iwwerholl. Am Dezember vum nämmlechte Joer ass d'Utopia SA un d'Bourse gaangen. E Joer drop huet Utopia 5% vun de Parte vun der hollännescher Polyfilm Group iwwerholl an 2001 den Utopolis Lonkech opgemaach.

De 6. September 2002 hunn d'Utopia S.A. an d'Polyfilm BV zu der Utopia Group fusionnéiert.

Zënterhier ginn d'Kinoen, déi zu der Grupp gehéieren, moderniséiert, an no an no an Utopolis (oder, bei méi klenge Kinoen, an Utopia) ëmbenannt. De Grupp huet och zu Turnhout, Den Helder, Almere an Emmen nei Multiplexe baue gelooss.

Am Juni 2013 huet d'Utopia Group d'Kinoe vum fréiere CineBelval iwwerholl an dës an Utopolis Belval ëmgenannt.

Kinoen, déi zum Grupp gehéieren[änneren]

Belsch[änneren]

Frankräich[änneren]

Lëtzebuerg[änneren]

Holland[änneren]

  • Utopolis, Almere
  • Utopolis, Den Helder
  • Utopolis, Lelystad
  • Utopolis, Oss
  • Utopolis, Zoetermeer
  • Utopolis, Emmen

E puer Zuelen[änneren]

2004 goufen 3.873.398 Ticketë verkaaft (12,11 % méi wéi 2003). D'Nettoresultat beleeft sech op 1.156.041 € (+ 26,6% par rapport zu 2003). Den Ëmsaz louch bei 36.161.650 Euro, wouvunner der 10,2 Milliounen an der Belsch, 2,3 Milliounen a Frankräich, 13,7 Milliounen zu Lëtzebuerg an 9,9 Milliounen an Holland emgesat goufen.

2005 war a ganz Europa en éischter schlecht Kinosjoer; d'Zuel vun de Kinogänger an den Ëmsaz vun der Branche louchen tëscht 10 an 20% ënnert den Zuele vum Joer virdrun. Och d'Utopia Group war do keng Ausnam: Et goufen 3.480.517 Tickete verkaaft (-10,14%), de Gesamtëmsaz louch bei 33,3 Milliounen Euro, wouvunner 11,77 Milliounen zu Lëtzebuerg, 9,84 an der Belsch, 9,8 an Holland an 1,90 a Frankräich. D'Nettoresultat vun 2005 war eng Perte vun 0,9 Milliounen Euro.

CEO vun der Utopia Group ass den Nico Simon.

Um Spaweck[änneren]