Kinepolis Belval

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Utopolis Belval)
D'Salle des premières

Kinepolis Belval ass e Multiplex-Kino am Akafszentrum Belval Plaza um Belval, deen den 18. Dezember 2008 als CineBelval seng Dieren opgemaach hat. En huet 7 Säll fir am Ganze 1506 Spectateuren.

Bedriwwe gëtt e vun der Kinepolis Group, déi d'Säll (dunn ënnert dem Numm Utopolis Belval) an d'Exploitatioun Enn 2015 vum Utopia Group iwwerholl hat. Dësen hat dës sengersäits am Juni 2013 vun der CineBelval SA iwwerholl.[1]

Wéi de Kino opgemaach huet, housch den Exploitant Caramba Sud SA, un där Financière Mercure zu 40,8 %, Massard Participations (vum Raymond Massard) 18,4 % a Multiplan (déi d'Gebai gebaut huet) zu 40,8 % bedeelegt waren.[2] Multiplan huet sech uganks 2012 zeréckgezunn, an am August 2012 de Massard. CineBelval SA huet zulescht zu 100 % der Société civile Financière Mercure gehéiert.

D'Säll[änneren | Quelltext änneren]

D'Salle des premières ass dem Bedreiwer no dee gréisste Kinossall am Benelux. En huet 540 Sëtzplazen an den Ecran ass 22 m breet. En huet eng dräifach Tounverstäerkung an e roude Riddo.

D'Säll 2 an 3 hu Plaz fir iwwer 220 Leit an d'Säll 4 bis 7 bis zu 128 Plazen.

  • An alle Säll si Plaze reservéiert fir Leit mat engem Rollstull, déi de Kinoskomplex vum Parking aus mat engem Lift direkt erreeche kënnen.
  • All Säll si mat Digitalprojekteren austafféiert. D'Säll 1, 3, 4, a 6 hunn doriwwer eraus 35mm Filmprojekteren. Fir dräi Säll sinn 3D-Projektere virgesinn.
  • All Sall, bis op dee groussen, huet eng duebel Amplificatioun an entsprécht domat der THX-Virschrëft.
  • An de Säll huet all Spectateur 130 cm Plaz fir seng Been an op all Säit eng eegen Aarmstäip, en Halter fir Gedrénks an eng integréiert Kappstäip.
  • Duebel "Loveseats" (vun deene Jonke "Knuutschsëtzer" genannt) erlaben et verléifte Koppelen oder Famillje mat klenge Kanner beieneen ze sëtzen ouni Aarmstäipen dertëscht.

Fir Zäit ze spuere ginn d'Billjeeën an d'Iessen an de Keese verkaaft. D'Plaze kënnen och direkt vun doheem iwwer den Internet kaaft a reservéiert ginn, an 't kann een dann ouni Billjee direkt op seng Plaz goen. All Sëtzplaz ass nämlech mat engem Sensor ekipéiert, deen et erlaabt, zu all Ament ze gesinn, wat fir Fotelle reservéiert a bezuelt, a wat fir besat sinn.

Deen éischte Film[änneren | Quelltext änneren]

Deen éischte Film, deen am grousse Sall gewise gouf, war dem Baz Luhrmann säin Australia mam Hugh Jackman an der Nicole Kidman. D'Feierlechkeete fir d'Ouverture haten am leschte Moment ëm een Dag misse verréckelt ginn, well mat Zäite keng gréng Luucht vun der Bauinspectioun virlouch.

No 2 Joer[änneren | Quelltext änneren]

Kuerz viru sengem zweejärege Bestoe huet de CineBelval säi 500.000ste Spectateur kënne begréissen. Bannent 2 Joer sinn do 550 Filmer an am Ganze méi wéi 24.000 Séancë gewise ginn.[3]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Kino: Aus CineBelval gëtt Utopolis Belval." RTL.lu - 17.06.2013, 16:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 17.06.2013, 16:44.
  2. "La purge Massard", d'Lëtzebuerger Land 9.11.2012, Nr.45, S.8
  3. Caramba Magazine Movie Nr 20, Dez. 2010-Jan. 2011, S.3.