Véiergëttersteen op Schéimerech

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
SCHEIM 101.jpg
Den Herkules

De Véiergëttersteen op Schéimerech steet niewent dem Kierfecht op der Héicht vu Schéimerech zu Kielen.

Dëst Postament, vum deem ugeholl gëtt, datt et vun Ufank un op där Plaz stoung, staamt aus der gallo-réimescher Zäit.

Vun de véier Relieffer sinn der nach zwéin erhalen, dat vum Herkules, dee méi spéit als Hellegen Antonius, den Einsiedler veréiert gouf, an eent, dat den Apollo kéint duerstellen. Déi zwéin aner, wou dervun auszegoen ass, datt eent dovun d'Gëttin Juno gewisen huet, goufen erausgemeesselt, wéi de Steeblock als chrëschtlechen Altor gebraucht gouf.

Dat op Schéimerech ass e Faksimile, den Original steet am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Véiergëttersteen op Schéimerech – Biller, Videoen oder Audiodateien