Véierspréngerspill
| Dëse Schachartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Véierspréngerspill | ||||
|---|---|---|---|---|
| Zich | 1. e4 e5 2. Sf3 Sc6 3. Sc3 Sf6 | |||
| ECO-Coden | C47-C49 | |||
| Benannt no | Sprénger | |||
| Entsteet aus | Dräispréngerspill | |||
| Nospillen op Chessgames.com | ||||
D'Véierspréngerspill ass eng Erëffnung vum Schachspill. Se zielt zu den Oppene Spiller an ass an den ECO-Coden ënnert de Schlësselen C47 bis C49 klassifizéiert.
D'Véierspréngerspill fänkt mat de folgenden Zich un:
- 1. e4 e5
- 2. Sf3 Sc6
- 3. Sc3 Sf6
Déiselwecht Stellung kann iwwer vill verschidden Zuchreiefollegen erreecht ginn, zum Beispill iwwert d'Russesch Verdeedegung 1. e4 e5 2. Sf3 Sf6 3. Sc3 Sc6, iwwert d'Wiener Partie 1. e4 e5 2. Sc3 Sf6 3. Sf3 Sc6 oder iwwert d'Van-Geet-Erëffnung 1. Sc3 e5 2. Sf3 Sc6 3. e4 Sf6.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Varianten
[änneren] Spuenescht Véierspréngerspill
- 1. e4 e5 2. Sf3 Sc6 3. Sc3 Sf6 4. Lb5
[änneren] Schottescht Véierspréngerspill
- 1. e4 e5 2. Sf3 Sc6 3. Sc3 Sf6 4. d4
[änneren] Belgrad-Gambit
- 1. e4 e5 2. Sf3 Sc6 3. Sc3 Sf6 4. d4 exd4 5. Sd5
[änneren] Glek-System
- 1. e4 e5 2. Sf3 Sc6 3. Sc3 Sf6 4. g3
[änneren] Gunsberg-Variant
- 1. e4 e5 2. Sf3 Sc6 3. Sc3 Sf6 4. a3
[änneren] Halloween-Gambit
- 1. e4 e5 2. Sf3 Sc6 3. Sc3 Sf6 4. Sxe5?!
Dës Variant gëtt Halloween-Gambit oder Müller-Schulze-Gambit genannt. D'Iddi hannert dem Figurenaffer ass, datt Wäiss no 4. ... Sxe5 5. d4 e staark Bauerenzentrum huet a mat weideren Ugrëffer op déi schwaarz Sprénger zousätzlech Tempi gewënnt. Ob Wäiss genuch Kompensatioun huet, ass zweifelhaft, allerdéngs ass déi wäiss Initiativ besonnesch a Blitzpartien net z'ënnerschätzen.
[änneren] Aner Zich
- 4. Lc4?! féiert zu enger Niewevariant vun der Zweesprénger-Verdeedegung.
[änneren] Enzyklopedie vun de Schacherëffnungen
An der Enzyklopedie vun de Schacherëffnungen ass d'Véierspréngerspill ënnert de Schlësselen C47 bis C49 klassifizéiert.
- C47: 1. e4 e5 2. Sf3 Sc6 3. Sc3 Sf6 4. d4
- C48: 1. e4 e5 2. Sf3 Sc6 3. Sc3 Sf6 4. Lb5
- C49: 1. e4 e5 2. Sf3 Sc6 3. Sc3 Sf6 4. Lb5 Lb4
[änneren] Literatur
- Jan Pinski: The Four Knights. Everyman Chess, 2003, ISBN 1-85744-311-X